Sonndesinterview mam David Fiegen"Wat mech erstaunt ass", datt d'Leit 20 Joer dono nach wëssen, "wou si d'Course gekuckt hunn"

Jeff Kettenmeyer
En Donneschdeg gëtt et op den Dag genee 20 Joer, datt den David Fiegen Vize-Europameeschter iwwer 800 Meter gouf.
De Sonndesinterview mam David Fiegen
Mam fréiere Liichtathlet kucke mer op seng Karriär, säi Vizeeuropameeschter-Titel zeréck a werfen e Bléck op säi Liewen nom Profisport.

Iwwert déi lescht Joren ass tëscht dem David a mir eng Frëndschaft entstanen an de Sport ass logescherweis dacks en Theema an eise Gespréicher. Och iwwert seng Sëlwermedail zu Göteborg hu mir schonns dës Ëftere geschwat, datt et awer schonns 20 Joer hier sinn, weist engem, wéi séier Zäit vergeet.

"A mengen Erënnerungen ass et nach ëmmer zimmlech present. A wéi mir dunn doriwwer geschwat hunn an och d‘Iddi fir ee Reportage entstanen ass, huet et mech natierlech gefreet. Mä ech war awer och erstaunt, datt et schonn 20 Joer hier sinn. Mä dat erkläert och, firwat datt ech mech Moies heiansdo esou fillen, wéi ech mech fillen."

En Deel Lëtzebuerger Sportgeschicht

Et gi sportlech Amenter, déi een als Spectateur gesäit an u sech fir ëmmer verhält, respektiv och nach weess, wou een et Live gekuckt huet. Am Summer 2006 konnt een esou een Ament esouguer zwee Mol bannen kuerzer Zäit erliewen. Als éischt déi sensationell Victoire vum Frank Schleck op der Alpe d'Huez an du kuerz drop dem David Fiegen seng zweet Plaz op der Liichtathletik-EM.

"Berufflech hunn ech natierlech mat ville Leit a mengem Alldag ze dinn an do ginn ech schonns nach reegelméisseg drop ugeschwat. A wat mech extreem erstaunt, ass, datt d'Leit mir da soen, wou se deen Ament waren a wou se déi Course gekuckt hunn. Da soen ech mir 'Ok, dat ass eppes, wat hänke bliwwen ass.'

Am Gespréich sot den David Fiegen, datt hien op deene leschten 30 Meter vun der Finall deemools de Gedanke krut, wat hie géif maachen, falls hien als Éischten iwwert Zillinn géif lafen. Am Laache kann hien haut soen, datt déi Gedanke wuel net ganz hëllefräich waren.

Den David Fiegen kuckt op d'EM 2006 zeréck
De Liichtathlet iwwer déi lescht puer Meter vir senger Sëlwermedaile.

"Nee, an ech sinn och frou, datt ech näischt Extraes gemaach hunn, well ech am Aewénkel gesinn hunn, een orangen Trikot gelaf kommen an ech mech nach gefrot hunn, wou deen hierkënnt, well eigentlech keng Plaz do war. Mä dowéinst sinn ech frou, datt ech mech einfach just mat all deem, wat ech nach hat, iwwert Zillinn geheit hunn."

Datt een als Spëtzesportler a Vollprofi ee grousse Wäert op d'Hygiene de Vie muss leeën, war dem David Fiegen gréisstendeels ëmmer bewosst. Aus der eegener Erfarung eraus wosst hien, datt, wann ee mol kuerz méi onseriö war, dat direkt an den Zäiten an an de Coursse bestrooft gouf. Datt een no enger Sëlwermedail op enger Europameeschterschaft awer ee klenge Patt kann huele goen, kléngt no engem gudde Plang. Zu Göteborg gouf dee Plang awer séier op d'Kopp gehäit, mam Virdeel fir eng Course e puer Deeg drop.

"Mat mengem deemolegen Kompatriot a Kolleeg Daniel Abenzoar wollte mir deemools ronderëm d'Haiser zéien. Dunn hunn ech awer emol erausfonnt, datt Göteborg eigentlech eng Studentestad ass, déi am August awer net do sinn an dowéinst alles zou war. En plus war et ee Sonndeg, dat huet d'Saach elo net méi einfach gemaach, fir eppes ze fannen, fir esou eng Medail ze feieren. Gottseidank ass dat dunn näischt ginn, well doduerch konnt ech déi Woch drop freides nach Diamond League zu Zürich mat Beschtzäit lafen."

Athen, Peking, what if?

An engem Sportlerliewen gëtt dacks gesot, datt dee gréissten Wonsch an Dram d‘Olympesch Spiller sinn. Beim David Fiegen kéint een d'Relatioun zu Olympia als "Love/Hate Relationship" definéieren.

"Dat war effektiv méi schwiereg. Déi éischt 2004 zu Athen, do muss ech éierlech soen, war ech einfach net a menger beschter Verfassung. Déi zweet, 2008 zu Peking, sinn ech kuerz virdru krank ginn. Do war ech méi erfueren an ech war och an enger besserer Form, mä do hätt et net sollte sinn."

Wéi vill jonk Bouwen deemools hat den David als éischt de Wonsch an d'Iddi, fir Futtball ze spillen. De Wee an d'Liichtathletik koum éischter zoufälleg, woubäi jo heiansdo behaapt gëtt, et géife keng Zoufäll ginn. Vläicht war indirekt e bëssen Hëllef vun den Elteren, do fir d'Passioun fir d'Lafen z'entdecken.

Den David Fiegen iwwer wéi hie bei d'Liichtathletik koum
U sech sollt hien op de Futtballstraining goen, mat et koum alles anescht.

"Ech sollt u sech op en Futtballtraining zu Esch op de Gaalgebierg goen, mä do war dunn awer zoufällegerweis Liichtathletikstraining vun der Fola. Ob et wierklech een Zoufall war, weess ech net. Et huet mir deemools awer direkt Spaass gemaach, ech sinn relativ séier eng éischt Course gelaf an hunn déi och gewonnen. Dat heescht, iergendwou war warscheinlech schonn esou ee klengt Talent verstoppt."

Iwwert wäit Deeler vu senger Karriär gouf den David vu sengem Papp Romain trainéiert. Et war mat Sécherheet net ëmmer evident, fir an der Relatioun ze switchen, tëscht Trainer an Athlet, respektiv Papp a Bouf. De Virdeel war awer, datt déi Zwee genee wossten, wéi se géife funktionéieren.

Den David Fiegen iwwer säin Trainer
Athlet a Fils respektiv Trainer a Papp: Déi Relatioun huet de Profisportler laang gehat.

"Natierlech kriss de heiansdo ze héieren, datt ech hätt missten een aneren Trainer hu wéi mäi Papp, respektiv datt ech dee Move iergendwann hätt sollte maachen. Dat ka sinn, jo, mä wier deen aneren Trainer dann esou mat mengem Charakter eens ginn. Mäi Papp wosst, wéi hie mat mir sollt ëmgoen. Ech war als Athlet sécher net ëmmer einfach, dowéinst sinn ech warscheinlech och an enger Eenzelsportaart gelant."

Am Interview stellt den David den eegenen Ëmgank mat schlechte Phasen oder schlechte Courssen als seng gréisste Schwächt duer. Als impulsiven Athlet hätt hien un Réckschléi extreem geknat, sech Defaiten immens zu Häerze geholl.

Den David Fiegen iwwer Néierlagen
Dëse ware fir de Sportler schwéier ze verdauen.

"Déi si mir extreem schwéier gefall ze verdauen. Et ass natierlech och esou, datt s de dech an enger Eenzelsportaart iwwert dat definéiers, wat s de grad leeschts. Dat brauchs de wuel fir virunzekommen, mä spéider, wann s de aus deem Rabbit Hole net erauskënns, gëtt dat awer och ee Problem.

D'Etapp vum Profisportler an dat "normaalt Liewen"

Haut leeft den David Fiegen als Hobby a senger Fräizäit op der Musel, allerdéngs net méi an enger Competitioun. Berufflech ass hien och op der Musel als Patron vun engem Restaurant am Asaz. Am Alldag geet et drëms, fir dat Privat, de Beruff an Hobbyen ënnert een Hutt ze kréien.

"Ech probéieren hei, ee gudde Patron ze sinn, ech probéieren, doheem ee gudde Partner an ee gudde Stéifpapp ze sinn an da bleift och net méi alt ze vill Zäit, fir nach e bëssen Sport ze maachen. An dann ass den Dag och scho bal gelaf. Déi Deeg, op deenen ech schaffen, sinn extreem laang an intensiv. Mä et ginn dann awer och nach genuch Deeg, op deenen ech fir d‘Famill do sinn an esou probéieren ech, mir mäin Equiliber ze schafen, an ech denken, datt mir dat relativ gutt geléngt."

Op meng lescht Fro, ob et ee Virdeel war, datt zu senger aktiver Zäit Facebook a Co, wann iwwerhaapt, nach an der Ufanksphas stoungen, sot den David mat engem Grinsen:

"Do sinn ech zu 100 Prozent frou, datt et dat bei mir net esou gouf ewéi haut."

Back to Top
CIM LOGO