
Am Rollengergronn ass d'Police e Samschdeg de Mëtteg op den Asaz geruff ginn, nodeems e Mann sech aggressiv verhale soll hunn.
Op der Plaz huet eng Fra de Beamten erkläert, datt de Mann iwwert de Gaart an d'Haus komm wier. Do hätt hien hir Famill, dorënner och kleng Kanner, menacéiert.
Kuerz drop hunn d'Polizisten de Mann am Gaart opgegraff. Hie wollt sech net berouegen an huet sech géint d'Moossname vun der Police gewiert. Hien ass schliisslech festgeholl ginn, dobäi huet hie sech och aggressiv géintiwwer de Beamte verhalen.
No den éischten Erkenntnisser hat de Mann d'Adress opgesicht, well hien eng Fra wollt erëmgesinn, déi hie vu fréier kannt huet.
De Parquet gouf informéiert. Géint de Mann gouf e Protokoll wéinst obsessiver Belästegung a Kierperverletzung geschriwwen.
Wéi sech erausgestallt huet, war de Mann aus enger psychiatrescher Klinik bei Metz fortgelaf. Hie gouf der franséischer Gendarmerie iwwerginn an zeréck an d'Ariichtung bruecht.