Canicule a FrankräichFir 13 Departementer gëllt eng orange Alerte wéinst der Hëtzt

Marlène Clement
Virun allem am Südweste kéint den Thermometer an den nächsten Deeg nees bis op 39 Grad klammen.
© Photo by Jean-Marc Barrère / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP

A Frankräich gëllt vun dësem Sonndeg u fir 13 Departementer eng orange Alerte wéinst der Hëtzt. A verschiddene Regiounen, virun allem am Südwesten, kéint den Thermometer an den nächsten Deeg nees bis op 39 Grad klammen. Betraff sinn ënnert anerem d'Departementer: Alpes-Maritimes, Ardèche, Drôme, Haute-Savoie, Var a Vaucluse.

A 65 Departementer gouf iwwerdeems eng giel Wiederwarnung ausgeruff wéinst dem Risiko vu Stierm an och mol méi kräftege Wiederen.

Back to Top
CIM LOGO