Wéinst Ausbroch vu Vulkan ÄtnaFlughafe vu Catania bleift méi laang gespaart wéi geplangt

RTL mat AFP
Wéinst dem Vulkan Ätna bleift de Flughafe Catania op der italieenescher Mëttelmierinsel Sizilien méi laang gespaart wéi geplangt. Departen a Landunge si bis e Freideg de Moien 2 Auer net méiglech.
Der Ausbrauch des Vulkans Ätna in Italien lockt zahlreiche Besucher an - und nicht alle begeben sich unter Anleitung von Profis in das potenziell gefährliche Gebiet. Bergführer berichten von überfüllten Wegen und Besuchern in Sandalen.
© Etna Walk/AFP

Weider Verlängerunge vun dëser Spär kéint een iwwerdeems net ausschléissen. Zanter Deeg suergt de rezentsten Ausbroch vum aktiivste Vulkan an Europa fir zolidd Stéierungen am Fluchverkéier, besonnesch elo an der Vakanze-Saison. Honnerte Flich si vu Retarden, Annulatiounen an Deviatioune betraff.

Donieft lackelt den Naturspektakel awer och vill Visiteuren un: De lokalen Touristebüro kréich den Ament 300 Demandë pro Dag, heescht et vun engem Spriecher géigeniwwer AFP, fir mat Guiden op de Vulkan eropzegoen an d'Lavamassen ze kucken. Vill, déi keng Plaz bei enger guidéierter Visitt méi kréichen, géife sech op eege Fauscht op de Wee erop maachen, wann net ongeféierlech wier. Bis zu 2.000 Leit géifen all Owend de Vulkan erop trëppelen, d'Weeër wieren deelweis iwwerfëllt an et géif och zu Gedrécks kommen. Verschidde Leit géifen och a Flip-Floppe bei de Vulkan trëppelen.

Back to Top
CIM LOGO