
Belsche Medien no si bis ewell op d'mannst dräi an en hallwen Hektar Fläch ofgebrannt. Op Facebook huet de Buergermeeschter vun Habech (op franséisch Habay-la-Neuve), den Olivier Barthélemy Fotoe vum Schued gedeelt, deen d'Feier am Bësch vun der klenger Gemeng ugeriicht huet. D'Pompjeeë wieren amgaangen, déi leschten Hëtztpunkten ze läschen, fir all potenziell Reprise vum Feier z'evitéieren. Verschidden Zonen am Bësch géingen awer weiderhi geféierlech bleiwen, hei misst ganz besonnesch opgepasst ginn.
D'Feier zu Habech war och vu Lëtzebuerg aus ze gesinn, net wäit vun der Grenz zur Belsch. Dat melle beispillsweis eng Rei User an de soziale Reseauen.
Gläichzäiteg brennt et och an enger Fabrick zu Étalle, der Nopeschgemeng vun Habech. De Site läit dobäi relativ no un engem Wunnquartier an der Industriezon Belle-Vue. Wann een aus Lëtzebuerg iwwer d'A4 kënnt, gesäit een den Damp scho vu wäitem. Wéinst dem Feier huet belsche Medien no och schonn e Supermarché nieft der Fabrick mussen evakuéiert ginn.