
Déi fréier dänesch Kinnigin Margrethe konnt no engem Spidolsopenthalt wéinst engem Malaise nees entlooss ginn. Déi 86 Joer al Fra wier elo rëm am Schlass Fredensborg, heescht et vum dänesche Kinnekspalais en Donneschdeg. Si war wéinst engem Bluttergoss am Beräich vun der Hëft, sou wéi engem liichte Flëssegkeetsmangel behandelt ginn.
D'Kinnekshaus huet erkläert, datt et der Margrethe gutt géing goen. Si misst sech awer an der nächster Zäit schounen.
Et war schonn den drëtte Spidolsopenthalt vun der fréierer Kinnigin an dësem Joer. Mëtt Mee hat si sech enger Häerz-OP ënnerzunn. Kuerz no hirem Retour aus dem Spidol war si gefall a wéinst engem grousse Bluttergoss un der Hëft op en Neits am Spidol behandelt ginn.
Déi fréier Staatscheffin hat zanter méi laanger Zäit mat gesondheetleche Probleemer ze kämpfen. D'Margrethe war 52 Joer laang Kinnigin, éier si am Januar 2024 ofgedankt hat an hire Jong Frederik Kinnek gouf.