Fir de KannaTiviJonker tëscht 6 an 12 Joer mat aussergewéinlechem Talent oder Hobby gesicht

Philippe Dondelinger
Fir Reportagen am Kader vum KannaTivi siche mir Jonker, déi Kleng a Grouss zum Staune bréngen.
De 5 Joer ale Zayn Sofuoglu (hannen), Bouf vum fréiere MotoGP-Pilot Kenan Sofuoglu, fiert um Kocaeli Korfez Racing Circuit géint de Berkay Sariay (vir).
De 5 Joer ale Zayn Sofuoglu (hannen), Bouf vum fréiere MotoGP-Pilot Kenan Sofuoglu, fiert um Kocaeli Korfez Racing Circuit géint de Berkay Sariay (vir).
© IBRAHIM YOZOGLU/Anadolu via AFP

Du hues en aussergewéinlecht Talent oder e flotten Hobby?

Da bass du genee déi Persoun, déi mir fir de KannaTivi sichen. Zesumme mat dir wëlle mir kleng a grouss Leit zum Staune bréngen. Wann s du tëscht 6 an 12 Joer al bass, da mell dech elo am Formulaire hei drënner un. Schéck eis eng kuerz Beschreiwung iwwer däin Talent oder Hobby a virun allem iwwer dech selwer.

Mir si gespaant op deng Geschicht.

Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.

Back to Top
CIM LOGO