
De Virfall wier beim Start geschitt, esou de Störe géigeniwwer dem Sender NRK. Vun ukrainescher a moldawescher Säit gouf dem norwegesche Premier seng Duerstellung vum Virfall relativéiert.
"Dat ass d'Realitéit, an där hie lieft", esou de Störe. Weider Detailer huet hien net genannt. Aus dem Ëmfeld vum ukrainesche President heescht et, et wier "iwwerdriwwen", datt de Selenskyj engem Risk ausgesat gewiescht wier. Wéi eng russesch Dron an de Loftraum vu Moldawien a Rumänien agedronge war, wier a Moldawien Loftalarm ausgeléist ginn.
Dem moldawesche Regierungsspriecher Dumitru Ciorici no hätt säi Land en Dënschdeg am Nomëtteg kuerz no 16:30 (lokaler Zäit) Auer säi Loftraum zougemaach, nodeems eng russesch Dron aus der Ukrain an dësen agedronge wier. D'Autoritéiten hätte géint 17:20 Auer confirméiert, datt d'Dron erofgefall a ronn 160 Kilometer vum internationale Fluchhafen Chisinau explodéiert wier. Doropshi goufen d'Aschränkunge fir Vollen nees opgehuewen an dem Selenskyj seng Maschinn konnt mat Verspéidung starten.
Den ukrainesche President war en Dënschdegowend an der norwegescher Haaptstad Oslo ukomm, wou hien e Mëttwoch um Begriefnis vum verstuerwene Kinnek Harald V. deelgeholl huet. Um Virowend hat e mam Jonas Störe, dem norwegesche Finanzminister Jens Stoltenberg an dem Ausseminister Espen Barth Eide ënner anerem iwwer norwegesch Militärhëllefe fir d'Ukrain geschwat. Nom Begriefnis ass de Wolodymyr Selenskyj weider a Richtung Kanada geflunn, wou en e Mëttwochowend och ukomm ass.