Norwegen am TrauerInternational Reaktiounen op den Doud vum Harald V.

RTL Lëtzebuerg
Nom Doud vum norwegesche Kinnek Harald sinn op de Soziale Medie weltwäit Matgefill an Trauer ausgedréckt ginn.
Virum kinnekleche Palais versammele sech vill Leit, fir gemeinsam ze traueren
Virum kinnekleche Palais versammele sech vill Leit, fir gemeinsam ze traueren
© ODD ANDERSEN/AFP

E Freideg de Moien ass vun Oslo d'Meldung komm, dass de Kinnek Harald V. gestuerwen ass. Nofollger mat effet immédiat gëtt säi Bouf Haakon, deen och schonn d'Regierung gesinn huet fir eng extraordinär Cabinetssëtzung. Hien huet den offiziellen Titel Haakon VIII. ugeholl a seng Fra Mette-Marit ass nei Kinnigin vun Norwegen.

Den neie Kinnek Haakon huet direkt d'Regierung gesi fir eng aussergewéinlech Sëtzung
Den neie Kinnek Haakon huet direkt d'Regierung gesi fir eng aussergewéinlech Sëtzung
© LISE ASERUD/AFP

Déi traureg Nouvelle huet weltwäit fir Reaktioune gesuergt. De Lëtzebuerger Haff huet kondoléiert:

D'Nopeschland Schweden huet dëse Message publizéiert:

D'Royals an Dänemark weise sech och betraff op de Socials:

Och déi brittesch Kinneksfamill weist sech am Trauer an dréckt hiert Matgefill aus:

Dat spuenescht Kinnekshaus huet säi Matgefill esou matgedeelt:

Vum hollänneschen Haff war dës Noriicht ze liesen:

Och déi belsch Kinneksfamill weist sech betraff op de Soziale Medien:

An Däitschland huet de Bundeskanzler Friedrich Merz deen heite Message gepost:

Liest dozou och nach:

Back to Top
CIM LOGO