
E Sonndeg den Owend schonn hat d'Kinnekshaus matgedeelt, dass den 89 Joer ale Monarch wéinst enger bakterieller Bluttinfektioun mat Antibiotik géif behandelt ginn. Den norweegesche Palais hat e geplangte Rendez-vous vum Kinnek Harald V. fir Ufank September ofgesot, nodeems dëse schonn zwou Woche laang krankgeschriwwe war. E Méindeg war hien an d'Klinick ageliwwert ginn, ma säin Zoustand huet sech ëmmer méi verschlechtert.
Wéi et vum norweegesche Kinnekshaus heescht, wier de Kinnek Harald V. um 6:35 Auer friddlech entschlof.
An de leschten Deeg krut hie vill Besuch vun der kinneklecher Famill, dorënner vu senger Fra, der Kinnigin Sonja; sengem Fils, dem Krounprënz Haakon an deem senger Fra Mette-Marit souwéi senger Enkelin a senger Schwëster. Wéi lokal Medie mellen, hat de Krounprënz Haakon d'ganz Nuecht am Spidol verbruecht. En Donneschdegnomëtteg hat den Haff nach emol erkläert, dass de Gesondheetszoustand vum Kinnek Harald V. onverännert schlecht wier.
Den norwegesche Staatschef war 1991 op den Troun komm a war deen eelsten nach liewende Monarch an Europa. An de leschte Jore hat hien ëmmer méi dacks gesondheetlech Problemer. Hie gouf um Häerz operéiert an hat och ëmmer nees Infektiounen un den Otemweeër. Trotz der ugeschloener Gesondheet a sengem héijen Alter hat de Kinnek Harald V. bis zum Schluss refuséiert ofzedanken, hien hat dem Parlament en Eed op Liewenszäit geschwuer. Hie gouf an der Lescht vu sengem Jong, dem 53 Joer ale Krounprënz Haakon, vertrueden, deen den Troun dann elo iwwerhëlt.
De Kinnek Harald V. huet un enger hämolytescher Anemie gelidden, enger Form vu Bluttaarmut. Dobäi ginn déi rout Bluttkierpercher ze séier ofgebaut. Betraffener sinn dacks midd, si bleech a kréien schlecht Loft.
Harald net den eenzege Krankheetsfall an der Famill
Eréischt Mëtt Juli huet sech d'Fra vum Krounprënz Haakon, d'Mette-Marit, missen enger Longentransplantatioun ënnerzéien. Bei hir war 2018 eng seele Form vun enger Longefibrose festgestallt ginn. Dës onheelbar Krankheet féiert zu Vernarbungen an de Longen an doduerch zu Otemnout.
De Grand-Duc huet dem Ierfprënz Haakon an der Kinnigin Sonja wéinst dem Doud vum Kinnek Harald V. vun Norwege kondoléiert. "Den Doud vu Senger Majestéit dem Kinnek Harald V. vun Norwegen erfëllt d'Grande-Duchesse a mech mat déiwer Trauer", heescht et am Message op de soziale Reseauen, bis zum leschten Dag wier hie senger Devise trei bliwwen: "Alles fir Norweegen". Am Numm vum Lëtzebuerger Vollek géifen d'Grande-Duchesse an hien, zesumme mam Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa der norweegescher Famill an allen Norwegerinnen an Norweger hiert déifst a ganz häerzlecht Bäileed ausdrécken.
1990 war de Grand-Duc Jean op Besuch beim deemolege Kinnek Olav V., dem Monni vun der Grande-Duchesse Joséphine Charlotte. 1996 war déi fréier norweegesch kinneklech Koppel fir zwee Deeg am Grand-Duché.
Kuckt och de Reportage vun 2011, wéi de Grand-Duc Henri zu Oslo op Staatsvisitt war.
D'norwegesch Kinnekskoppel war quasi bei alle groussen Evenementer hei am Land dobäi, sou zum Beispill am Oktober 2012 beim Bestietnes vum Grand-Duc Guillaume oder och wéi de Grand-Duc Jean am Mee 2019 begruewe gouf.