
Ee Mount nom Massenundrang vu Migranten an der spuenescher Exklav Ceuta ass et en Donneschdeg zu gewaltsamen Ausernanersetzungen tëscht der Police an Demonstrante komm, déi d'Expulsioun vun de Flüchtlinge fuerderen. Opname vu spueneschen Tëleessender weisen, wéi Polizisten op der Plage géint d'Demonstrante virgoungen, déi bei eng Schlofplaz vun de Flüchtlinge virgedronge waren. Bei den Ausernanersetzunge goufen och Géigestänn vun de Migranten a Brand gesat.
Dosenden Awunner hate Gefierer vum Roude Kräiz blockéiert, déi Iesse bei d'Migrante brénge wollten. Vill vun hinnen hate spuenesch Fändelen an der Hand an hu geruff, "sie solle goen" a "raus mam Roude Kräiz". E Mëttwoch den Owend war d'Police scho mat Tréinegas tëscht rosen Awunner a Migrante gaangen.
En Donneschdeg de Moien hate Flüchtlinge mat Steng an anere Géigestänn op e Gefier vum spuenesche Militär geheit. Een Zaldot gouf dobäi liicht blesséiert. D'Police huet doropshin 12 Leit festgeholl, déi all marokkanesch Staatsbierger sinn.
D'Awunner zu Ceuta fille sech "am Stach gelooss", sot d'Kissy Chandiramani, déi an der Exklav fir d'Finanzen zoustänneg ass. D'Leit hätten zwar e Recht op Protest, Haass géing d'Kris awer net léisen. Vill Awunner maachen d'Flüchtlinge fir Sécherheets- an Hygiènesproblemer responsabel.
Enn Juli ware bis zu 80.0000 Migranten a kuerzer Zäit vu Marokko aus an d'Exklav erakomm. De Gros vun hinnen ass duerno nees zréckgaangen, ma zanterhier campéieren awer e puer Dausend Leit nach ëmmer zu Ceuta. Déi spuenesch Regierung steet wéinst dëser Flüchtlingskris ënner Drock. D'nächst Woch wëll sech de Premier Pedro Sanchez am Parlament erklären.