Dat alles huet de spueneschen Inneminister sengen europäeschen Homologen en Dënschdeg op enger Videokonferenz matgedeelt. Dorënner de Léon Gloden, deen direkt duerno e spontane Point Presse ginn huet an dobäi Spuenien fir eng "séier an effikass" Reaktioun gelueft huet.
22 EU-Memberstaaten haten de Weekend ënner anerem gefuerdert, datt Spuenien provisoresch aus dem Schengen-Raum soll erausgeholl ginn. De Léon Gloden sot, Lëtzebuerg hätt déi richteg Decisioun geholl, dee Bréif net mat ze ënnerschreiwen. Genee ewéi de Premier Luc Frieden virun zwee Deeg schonn, sot hien en Dënschdeg den aneren Inneministeren, "datt ech net acceptéieren, wa Schengen all Kéiers als Geisel geholl gëtt, wann e Problem an der Immigratioun ass". Schengen wier net de Problem, mee d’Léisung. Mam neie Migratiounspakt an der Direktiv Retour hätt d’EU "d’Moyenen en place, fir kënnen zesummen ze schaffen". Eng Rei Leit, déi irregulär op Ceuta koumen wieren iwwregens awer nach do well se verletzt sinn, huet den Inneminister erkläert, mee se géingen no hirer Behandlung mat der procédure accelerée un de Baussegrenzen zeréck a Marokko geschéckt ginn.
De Léon Gloden huet bedauert, datt puer Länner, dorënner Italien, Kontrollen op hiren – also op europäesche Bannegrenzen nees wëlle maachen. Den Inneminister huet jo jorelaang déi däitsch Kontrollen op eise Grenze kritiséiert. En Dënschdeg huet hie missen ënnersträichen, datt Ceuta net am Schengen-Raum ass – wat scho vill iwwert de Bréif géint Spuenien ausseet.
"Et däerf een net iwwerreagéieren an dem Populismus hannendru lafen", esou de Léon Gloden. An Zukunft misst d’EU sech méi Moyene ginn, fir "Pre-Informatiounen" ze verbreeden an esou géint falsch Informatioune virzegoen. Europäesch Agencë kéinten do hëllefen. Falsch Informatioune féieren zu falschen Hoffnunge bei Leit, déi dann ewéi eng "hybrid Menace" géingen instrumentaliséiert ginn, sou de Léon Gloden.
D’Hannergrënn vum Virfall zu Ceuta géingen och nach méi déif analyséiert ginn, mee et kéint ee follgend Lektioune schonn draus zéien: Falsch Informatioune musse wéi gesot méi ënnerbonne ginn, mee d’europäesch Grenzagence misst och verstäerkt an d’Kooperatioun mat Drëttstaate verbessert ginn.
Op d’Regularisatioun vu Migranten ugeschwat, déi d’spuenesch Regierung decidéiert hat, sot de Léon Gloden just Lëtzebuerg géing "keng generell Regularisatioun" vu Leit maachen, déi ouni Openthaltsgeneemegung op Lëtzebuerg kommen. Hien huet awer betount, datt d’illegal Migratioun an Europa an de leschten zwee Joer ëm 55% zeréckgaange wier an dëst Joer bis elo schonn nach emol ëm 37%.