Wunneng net méi bewunnbarOnerlaabten Ëmgang mat radioaktivem Material: Mann zu Sankt Ingbert (D) léist Groussasaz aus

RTL Lëtzebuerg
E 24 Joer ale Mann an Däitschland steet ënner Verdacht, onerlaabt mat radioaktive Mineralie hantéiert ze hunn – seng Wunneng zu Sankt Ingbert ass elo bis op Weideres net méi bewunnbar.
Symbolbild: en däitsch Pompjee an engem Dekontaminatiounszelt no engem Asaz zu Potsdam am Joer 2017.
Symbolbild: en däitsch Pompjee an engem Dekontaminatiounszelt no engem Asaz zu Potsdam am Joer 2017.
© RALF HIRSCHBERGER/dpa Picture-Alliance via AFP

Zu Sankt Ingbert am Saarland gouf et däitsche Medien no en Dënschdeg e Groussasaz wéinst eventuellem onerlaabten Ëmgang, mat radioaktive Mineralien. E 24 Joer ale Mann steet ënner Verdacht, op irregulär Manéier mat dëse Substanzen hantéiert ze hunn.

A senger Wunneng an engem Méifamilljenhaus goufen Analyse gemaach, dobäi gouf eng gewëss Stralung festgestallt.

Ëm wat et sech genee handelt, ëm wéi eng Quantitéiten et geet a wat d'Konsequenze kéinte sinn, ass am Moment net bekannt. An der Wunneng ka bis op Weideres kee méi liewen, fir déi allgemeng Ëffentlechkeet géing awer keng Gefor bestoen, heescht et vun de lokalen Autoritéiten.

Éischt Ermëttlunge géingen drop hiweisen, datt et sech ëm Mineralien handele géing, déi eng natierlech Radioaktivitéit hunn. Bei der mechanescher Veraarbechtung vun dëse Steng kéinten da geféierlech radioaktiv Partikel fräigesat ginn, déi fir de Mënsch schiedlech sinn, well se kënnen iwwer d'Otemweeër opgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO