
A Frankräich dierfe Lycéesschüler hir Handyen net méi an der Schoul benotzen. De franséische President Macron huet e Méindeg en entspriechend Gesetz a Kraaft gesat, wéi seng Spriecherin Maud Bregeon matgedeelt huet. "Schoul ouni Handy - dat bedeit, d'Geloossenheet vum Léieren zréckzefannen", schreift de Macron op X. Gewerkschaften hunn allerdéngs dorop higewisen, datt d'Ëmsetzung vum Verbuet bis d'Rentrée den 1. September problematesch wier.
D'Handyverbuet fir d'Lycéesschüler war en Deel vun engem ëmfaassende Gesetz, dat Kanner a Jugendlechen ënner 15 Joer den Accès zu Social Media verbidde sollt. De Verfassungsrot hat d'Gesetz awer scho gekippt an en "onverhältnesméissegen Agrëff" an d'Meenungs- a Kommunikatiounsfräiheet kritiséiert.
De Macron huet doropshi gefuerdert, datt d'Gesetz iwwerschafft géing ginn. Frankräich war dat éischt Land an Europa, dat e Social-Media-Verbuet decidéiert hat. Zil war et, gesondheetsschiedlech Auswierkunge vun de sozialen Netzwierker op Jonker z'evitéieren.
D'Handyverbuet gëllt elo schonn an der Primärschoul an am sougenannte Collège. D'Gesetz léisst Ausnamen zou, déi op Schoulniveau festgeluecht gi kënnen. D'Regierung hat Lycéeë kuerz virum Ufank vun der Summervakanz opgefuerdert, d'Ëmsetzung vum Verbuet ze preparéieren. A sëllege Schoule muss eng Ännerung vun den interne Reegelen awer vun e puer Acteuren ugeholl ginn, wat an der Vakanz net méiglech war.
Et bleift d'Decisioun vun de Schoulen, ob d'Schüler hir Handye just an der Täsch hale sollen oder ob si en um Ufank vum Cours ofgi mussen.