Nom déidlechen Accident mat Farerflucht zu KeelSchëllege Chauffer ass 26 Joer ale Mann, hie gouf verhaft, Auto hat Spueren op Chaufferssäit

RTL Lëtzebuerg
Nom déidlechen Accident an der Nuecht op e Sonndeg tëscht Schëffleng a Keel, wou e 16 Joer ale Jugendlechen ugestouss gouf an net iwwerlieft huet, woubäi de schëllege Chauffeur Fahrerflucht gemaach huet, liwwert de Parquet elo Detailer.
© RTL

Hien gouf um Sonndeg op Uerder vum Parquet verhaft.

De Mann ass elo wéinst méi Faiten inculpéiert. Wéinst Délit de fuite, Homicide involontaire, dem Fueren ënner Alkoholafloss a wéinst Non-Assistance à personne en danger.

De Mann hat Rendez-vous virum Untersuchungsriichter, deen e Mandat de dépot gesprach huet. Hie kënnt also an Untersuchungshaft.

Vum 16 Joer jonken Affer gouf iwwerdeems eng Autopsie gefrot.

De Parquet ënnersträicht am Schreiwes och d’Gravitéit vun de Faiten, déi dem schëllege Chauffeur virgehäit ginn, virun allem wéinst der Fahrerflucht an datt hie sech iwwerhaapt net ëm d’Affer gekëmmert hätt.

Schreiwes am Detail
Communiqué de presse du Parquet de Luxembourg : Accident mortel sur le CR166 entre Schifflange et Kayl

Back to Top
CIM LOGO