
D'Zuel vu Caféen zu Lëtzebuerg geet zanter Jore kontinuéierlech zeréck. An och wa kee Fall wéi deen aneren ass, ginn et awer eng Partie Problemer, déi méi dacks optauchen. Zum Beispill héich Loyeren oder d'Verbuet, fir eng Menüskaart dierfen unzebidden. De Marc Hoscheid war op Dikrech an ee Café, dee lo geschwënn ënnert anerem aus deene Grënn seng Dieren zoumaache wäert.
Net an der Foussgängerzone, mee e bëssi verstoppt nieft dem Parking Kluuster läit de Café "Beim Tuttes Pier". De Patron Pier Wagner ass am Fong Beruffspompjee an hat decidéiert, wärend zwee Joer Congé sans solde ze huelen, fir eng Plaz ze schafen, wou sech virop Membere vun de Rettungsdéngschter treffen an iwwert hir Erliefnesser wärend den Asätz sollte schwätze kënnen. Ma et wier vun Ufank un de Wuerm am Projet dra gewiescht. De Loyer, deen hien der Dikrecher Brauerei bezuele sollt, louch bei 6.000 Euro. Nieft dem Café sollten och Suen duerch d'Locatioun vu 6 Zëmmeren, déi an de Stäck uewendriwwer sinn, erakommen, mee wéi de Café seng Dieren am Mäerz 2025 opmaache sollt, waren d'Zëmmeren nach net fäerdeg. De Pier Wagner iwwert d'Situatioun mam Loyer:
"Ech hat awer direkt vun Ufank u gesot, ech wäert net 6.000 Euro bezuelen, wann d'Zëmmeren net fäerdeg sinn. Do krut ech dann och feinerweis vun der Brauerei eng Reduktioun vum Loyer op 3.000 Euro. Wat dee ganze Problem awer net behuewen huet, well 3.000 Euro eleng duerch d'Gedrénks erakréien, bei engem Café, deen a sech ee ganz schlechten Numm hat, äert ech en opgemaach hunn, ass ganz schwéier gewiescht."
Hien hätt dann och net ëmmer all Mount dee ganze Loyer bezuele kënnen, dowéinst huet d'Brauerei mëttlerweil och juristesch Schrëtter an d'Weeër geleet, dat krute mer op Nofro hi confirméiert an de Mikro wollt awer kee Vertrieder vun der Brauerei eppes soen. Fir méi Suen eranzekréien, wollt de Pier Wagner och Iessen ubidden, wat awer net evident gewiescht wier.
"Mat Plat du jour, 1 bis 2 Stéck pro Dag an ebe sou eng kleng Kaart, ech soe lo, dat soll absolut kee Restaurant sinn, mee een Hamburger, een Cheeseburger, eng Portioun Fritten oder sou. Vu que datt déi Kichen awer net operationell war, ech krut dat och e puer Mol vun der Douane gesot, datt ech näischt an der Kichen dierft maachen, well déi Kichen, ech soe lo mol einfach, an engem desolaten Zoustand war, well de Café einfach 4 Joer zou war."
Well am Locatiounskontrakt just vun engem Débit de boissons riets geet, also enger Erlabnis fir Gedrénks ze verkafen, huet d'Brauerei refuséiert, an d'Kichen ze investéieren.
Dem Steve Martellini, Direkter vun der Horesca, no wier ville Leit, déi fir d'éischt ee Café opmaachen, guer net bewosst, datt sou kleng Detailer ee groussen Impakt kënnen hunn. Dowéinst misst ee sech am Virfeld gutt informéieren:
"Déi Kontrakter, sief et bei enger Brauerei awer och bei anere Fournisseuren, sinn och duerchzeliesen. Dat ass eppes, wat mir ëmmer rëm als Conseil ginn, verschidde Verträg hunn iwwer 60 Säite Conditions générales, do soe mir ëmmer, kuckt se wierklech duerch an ënnerschreift net ze schnell, loosst iech déi Zäit, déi der braucht, fir wierklech ze kucken, wat der eigentlech verlount kritt hutt. Dir hutt lo d'Beispill vum Débit de boissons genannt, wann ech een Débit de boissons verlounen, dann heescht dat u sech, ee Café a kee Restaurant, also brauch d'Kiche forcément net sou ze sinn, wéi dat an engem Restaurant vläicht misst sinn."
D'Horesca bitt dann och Berodunge fir Leit un, déi ee Café opmaache wëllen. Dozou gehéiert och, datt gekuckt gëtt, fir ee Businessplang opzestellen, deen d'Strooss hält.
Wat de Café "Beim Tuttes Pier" zu Dikrech ugeet, wäert deen Enn des Mounts seng Dieren zoumaachen, d'Faillite wier ugefrot. Datt sech séier ee Successeur fanne wäert, schéngt aktuell éischter onwarscheinlech.