ReferendumIslänner stëmme géint EU-Bäitrëttsverhandlungen

RTL Lëtzebuerg
Island wäert deemnächst keng EU-Bäitrëttsgespréicher féieren. Dat hunn 270.000 walberechtegt Islännerinnen an Islänner e Samschdeg per Referendum decidéiert.
Beim Referendum in Island über die Wiederaufnahme von Beitrittsverhandlungen mit der Europäischen Union liegen die Gegner kurz vor dem Ende der Auszählungen vorne. Sie lagen am Sonntag mit 51,8 Prozent vor den Befürwortern, die auf 48,2 Prozent kamen.

© AFP

Eng ganz knapp Majoritéit, notamment 52,8 Prozent, huet sech dogéint ausgeschwat, d'Verhandlunge mat der Europäescher Unioun nees opzehuelen. An der Haaptstad Reykjavik war iwwerdeems mat däitlech méi Jo-Stëmme gerechent ginn, wéi dat de Fall ass.

D'Resultat ass e Réckschlag fir Bréissel, d'EU ass nees un Island als Member staark interesséiert.

Island war no der Finanzkris 2009 schonn eng Kéier EU-Bäitrëttskandidat. Den Inselstaat hat seng Kandidatur 2013 ënnert enger EU-kritescher Regierung nees zeréckgezunn.

Back to Top
CIM LOGO