
270.000 walberechtegt Islännerinnen an Islänner sinn opgeruff, mat ze entscheeden, ob hir Regierung d'EU-Bäitrëttsverhandlungen nees soll ophuelen. Lescht Sondage weisen op ee knappt Resultat hin. An enger Ëmfro haten eppes iwwer 51 Prozent sech dofir ausgeschwat, d'Gespréicher nees weiderzeféieren.
Island war 2009 schonn eng Kéier EU-Bäitrëttskandidat. D'Verhandlunge sinn awer deemools net virukomm a finalement hat Island seng Kandidatur 2015 zeréckgezunn. Datt den US-President Donald Trump domat gedreet hat, dat autonoomt Grönland z'iwwerhuelen, huet dofir gesuergt, dass een am Nopeschland Island nach emol iwwer en EU-Bäitrëtt nodenkt.