
Um Evenement "Aarau Rave Vol. 7" am Norde vun der Schwäiz si géint 02:30 Schëss gefall. Dat huet déi lokal Police confirméiert a vun enger "Schéisserei bei enger gréisserer Persounegrupp" geschwat. Laang huet ee just gewosst, dass et "Affer" ginn. Méi spéit huet d'Police een Doudesaffer gemellt. Fënnef Persoune wieren zum Deel schwéier blesséiert ginn.
Ëm wéi vill Täter et sech handelt a wéi eng Waffe benotzt goufen, gouf net kommunizéiert. Eng Sichaktioun wier lancéiert. Déi genee Ëmstänn vun der Dot an d'Motiv sinn och nach onkloer.
Beim Doudesaffer handelt et sech ëm eng Fra vun 22 Joer. Si wier op der Plaz un hire schroe Verletzunge gestuerwen. Véier Männer an eng Fra, all am Alter tëscht 24 a 27 Joer, wiere liicht bis schwéier blesséiert an d'Spidol komm. Sämtlech Affer wiere Schwäizer Awunner.
Wéi d'Schwäizer Zeitung "Blick" no Zeienaussoe wësse gedoen huet, sollen et véier Täter gewiescht sinn. Dëst ass net offiziell confirméiert. Wéi d'Schëss gefall wieren, hätt eng Zeie sech hannert dem DJ-Pult verstoppt. Et hätt een d'Schëss am Ufank fir Knupperte gehalen. Wéi bis kloer gewiescht wier, dass geschoss gouf, wiere vill Leit an eng Turnhal an der Géigend geflücht.
D'Police war am Groussasaz an och de Militärhelikopter koum an den Asaz. D'Plaz gouf groussraimeg ofgespaart an d'Awunner ronderëm goufe gebieden, aus dem Gebitt fort ze bleiwen. Arméiert Poliziste stounge souguer op enger Autobunn, gutt 30 Kilometer vun der Päerdsbunn ewech.
D'Aarauer Rave ass eng Party op der Päerdsrennbunn am schwäizereschen Aarau mat ronn 3.500 Visiteuren, déi e Samschdeg am Nomëtteg lassgaangen ass.
An der Schwäiz sinn Ugrëff mat Schosswaffen éischter seelen, Waffe sinn an der Alperepublik allerdéngs wäit verbreet. Well et kee landeswäite Regëster gëtt, wier et schwéier eng genee Unzuel z'ermëttelen. Dem Schwäizer Studieprogramm Small Arms Survey no koumen 2017 bal 3 Waffen op 10 Awunner. Domat läit d'Schwäiz weltwäit op Plaz 16 bei der Unzuel vu Waffe pro Kapp.