
Wéi d'Pompjeeë beim Hotel "Shika Inn" zu Kalkutta ukoumen, wier décken Damp ronderëm dat ganzt Gebai ze gesi gewiescht. D'Brandursaach wier éischten Erkenntnesser no eng Klimaanlag, déi explodéiert wier. E puer vun den Affer goufen am Beräich vun den Toiletten entdeckt.
E Gaascht am Hotel huet spéider géintiwwer der Zeitung "Indian Express" ausgesot, dass et am Bëlleg-Hotel keng Brandschutzmesure ginn. "Mir si wakereg ginn a konnten am Raum bal net méi ootmen. Iergendwéi hu mir et eraus gepackt", sou den Atiyar Rehman aus Bangladesch. Déi zoustänneg Autoritéiten hunn Ermëttlungen annoncéiert wéinst méigleche Verstéiss géint Sécherheetsvirschrëften am Hotel, deen an engem vill bewunnte Quartier vu Kalkutta läit.
An Indien kënnt et dacks zu Bränn a Gebaier. Sécherheetsvirschrëfte ginn ignoréiert an et gëtt seelen Equipement, fir ze läschen.