
D'Kand am Grondschoulalter war zesumme mat engem Erwuessenen am Bësch, an deem geschafft gouf. E Bam wier ëmgefall an hätt d'Kand getraff. D'Affer koum mam Rettungshelikopter an eng Spezialklinik, wou et méi spéit u senge schroe Verletzunge gestuerwen ass. Dat huet d'Police vu Rosenheim elo matgedeelt. Geschitt ass den Accident e Freideg an engem Bësch am Landkrees Garmisch-Patenkirchen.
D'Ermëttler gi vun engem trageschen Accident aus.