PortugalGesetz, wat verbitt, d'Gesiicht ze verschleieren, ass elo a Kraaft

RTL mat AFP
Och wann dat neit Gesetz et net explizitt erwäänt, nennen déi portugisesch Medien d'Schrëftstéck "Burka-Gesetz".
Honnerte Leit waren de leschten Oktober zu Lissabon op d'Strooss gaangen, fir géint dat Gesetz, wat elo a Portugal a Kraaft getrueden ass, ze demonstréieren. Eng Demonstrantin huet e Schëld mat der Opschrëft "Mäi Kleed, Mäi Choix" am Grapp.
Honnerte Leit waren de leschten Oktober zu Lissabon op d'Strooss gaangen, fir géint dat Gesetz, wat elo a Portugal a Kraaft getrueden ass, ze demonstréieren. Eng Demonstrantin huet e Schëld mat der Opschrëft "Mäi Kleed, Mäi Choix" am Grapp.
© JORGE MANTILLA/NurPhoto via AFP

A Portugal ass e Gesetz a Kraaft, dat et de Leit verbitt, fir d'Gesiicht ze verdecken. Domadder dierfe sech am südwestlechen EU-Memberstaat och muslimesch Fraen net méi komplett verdecken. De President Antonio José Seguro huet um spéiden Dënschdeg d'Gesetz a Kraaft gesat, dat vun de portugisesche Medien als "Burka-Gesetz" bezeechent gëtt. Ënner anerem Fraen aus dem Afghanistan hu jo gären emol eng Burka un.

Gesetz vu mëtt-rietsen a rietse Parteien ugeholl

"D'Gesiicht muss als een zentraalt Element vu mënschlecher Identitéit a Kommunikatioun ugesi ginn", erkläert de portugisesche President, wéi hien d'Gesetz a Kraaft gesat huet. Et handelt sech allerdéngs ëm en Thema "vu grousser gesellschaftlecher a kultureller Sensibilitéit", huet de fréiere Generalsekretär vun der sozialistescher Partei PS weider betount.

D'Gesetz war am Juli mat de Stëmme vun der Mëtt-Riets-Koalitioun a vun de Parteien aus dem rietse Lager am Parlament ugeholl ginn. Dat lénkt Lager hat dogéint gestëmmt. D'Minoritéitsregierung vum Ministerpresident Luis Montenegro ass am Parlament op d'Ënnerstëtzung vun Deputéierten aus anere Parteien ugewisen.

Bis zu 3.000 Euro Strof, ma et ginn Ausnamen

Duerch d'Gesetz ass et elo verbueden, fir an der Ëffentlechkeet Kleedung unzehunn, déi drop ausgeriicht ass, fir d'Gesiicht ze verschleieren oder eng Identifizéierung ze verhënneren. Ausserdeem verbitt d'Gesetz, datt Leit kënne gezwonge ginn, fir hiert d'Gesiicht net ze weisen, sief dës wéinst hirem Geschlecht oder aus reliéise Grënn. Bei engem Verstouss muss ee mat enger Geldstrof vu bis zu 3.000 Euro rechnen.

Ausname gëllen ënner anerem bei gesondheetlechen oder beruffleche Grënn, bei schlechtem Wieder esou wéi a Raim, wou ee seng Relioun ausüübt.

Back to Top
CIM LOGO