No rezentem Virfall zu Ettelbréck'’Aarbecht vun der Justiz muss respektéiert ginn", sou Jeune Barreau

Pit Everling
Als Curateur oder och Dierwiechter kéim een heiansdo a sensibel Situatiounen, wou dee vis-à-vis, zum Beispill deen, deen d'Faillite betrëfft , keng einfach Zäit duerchmécht, sou de Bob Biver, President vum Jeune Barreau.
© Pit Everling

Magistraten, Affekoten, Curateuren, Dierwiechter, Notären! D'famille judiciaire soll respektéiert ginn a sech bei hirer Aarbecht a Sécherheet spieren. Dat seet de Bob Biver, President vum Jeune Barreau, als Reaktioun op en uerge Virfall, deen et rezent zu Ettelbréck gouf.

Den 12. Juni gouf do e Curateur mat engem Messer attackéiert a schwéier blesséiert. Ee Verdächtege gouf verhaft. Séier war kloer, datt et e professionelle Lien tëscht béide Persoune gouf. De Curateur sollt eng Faillite-Prozedur ofwéckelen vun enger Entitéit, déi dem presuméierten Täter gehéiert.

"Ech mengen, et ass wichteg eng Kéier de Public ze informéieren, dass mer e Beruff maachen, dee vläicht net ëmmer deen Einfachsten ass", seet de Bob Biver, President vum Jeune Barreau.

Grad ewéi d'Barreauen Dikrech a Stad, sou wéi och de Conseil national de Justice verurteelt hien dëse Virfall schaarf. Et wier keen isoléierte Fall, schreift de Barreau Dikrech, och wann d'Gravitéit exzeptionell wier.

Meeschtens kéint d'Aarbecht effektiv ouni Problem gemaach ginn, seet och de Bob Biver:

"Gang und gäbe ass et net. Ech maachen och verschidde Faillitten a sinn och Curateur a Faillitten. Mir ass dat nach ni geschitt an ech hat och nach ni eng verbal Ausenanersetzung mat iergendengem Failli. Dat heescht, dat ass wierklech d'Exceptioun. D' ègle générale ass, dass déi meescht Leit awer nach fei sinn an nach Respekt hunn."

Wann een sech net sécher wier, da kéint een awer gewëss preventiv Mesuren huelen:

"Ech mengen, wann ee Curateur genannt gëtt, kann ee jo als Éischt um RCS emol nokucken, ëm wat fir eng Societéit et sech handelt an och um Internet nokucken, wat d'Aktivitéit vun där Societéit ass. Da geet een normalerweis e Procès verbal maachen, fir ze kucken, ob en Inventaire ka gemaach ginn oder, ob et e PV de carence gëtt. An dann, wéi gesot, wann ee sech dann net sécher ass, kann een en Témoin mathuelen. Wann en Inventar gemaach gëtt, kann een och e Greffier mathuelen. D'Règle procédurale ass am Fong, dass een dohinner geet mat engem Greffier, fir den Inventaire ze maachen."

Eng definitiv Protektioun gëtt et awer net, sou de Bob Biver. Als Curateur oder och Dierwiechter kéim een nu mol heiansdo a sensibel Situatiounen, wou dee vis-à-vis, zum Beispill deen, deen d'Faillite betrëfft , keng einfach Zäit duerchmécht.

D'Famille judiciaire soll respektéiert ginn a sech bei hirer Aarbecht a Sécherheet spieren, esou d'Fuerderung vum Jeune Barreau.

Wichteg wier awer, datt de Respekt vis-à-vis vun der sougenannter Famille judiciaire bestoe bleift:

"Jo, an ech mengen et ass einfach, dass e Respekt virun der Justiz do soll sinn. An deen ass nach do. An dat ass mengen ech de Filter, deen do ass. Et muss een e Respekt vun der Justiz hunn. An do ass déi ganz Famille judiciaire. Ob dat e Riichter ass, ob dat en Affekot ass, ob dat en Nottär ass, ob dat en Dierwiechter ass. An dat ass dat mengen ech wat wichteg ass."

An da sollt ee sech generell natierlech och op de Rechtsstaat verloossen, sou nach de Bob Biver.

Den Dikrecher Barreau verlaangt a sengem Communiqué nach eng adaptéiert Politik, fir d'Preventioun ze stäerken, déi Professionell ze schützen a Gewalt, Menacen an Intimidatiounen effektiv ze bestrofen.

Back to Top
CIM LOGO