Täter soll Islamist sinnEng Fra dout, 16 Leit blesséiert bei Autosattack op Berliner CSD

RTL mat AFP
Eng Fra ass e Samschdeg den Owend beim Christopher Street Day zu Berlin ëm d'Liewe komm, nodeems e Mann mat engem Auto an eng Mënschemass gefuer ass an dobäi 16 weider Leit blesséiert huet.
© RALF HIRSCHBERGER/AFP

Wärend dem Christopher Street Day (CSD) zu Berlin ass et e Samschdeg den Owend am Tiergarten, net wäit vum Brandenburger Tor, zu engem déidlechen Tëschefall komm: Géint 22 Auer ass e wäissen Auto an eng Mënschemass gefuer an huet dobäi eng Fra ëm d'Liewe bruecht, 16 Leit goufe verletzt – dräi dovu liewensgeféierlech, aacht schwéier a fënnef liicht.

En Zeien huet der Agence AFP gezielt, de Chauffeur wier mat héijer Vitess vun der Lennéstrooss an de Park gebéit a wier dobäi gezielt op Mënschen duer gefuer.

Nodeems den Täter an d'Leit gefuer ass, koum den Auto schlussendlech zum Stoen, wéi en an e Bam gerannt ass. Den Täter ass doropshin aus dem Gefier geklommen a konnt fortlafen.

Wéi et heescht, wieren och Persounen op der Plaz mat engem Messer blesséiert ginn. D'Police, Rettungsdéngschter an och Spezialekippe waren Deel vum Groussasaz op der Plaz.

Den Täter ass no der Attack mat sengem Auto an e Bam gerannt.
© JASON TSCHEPLJAKOW/dpa Picture-Alliance via AFP

Verdächtegen identifizéiert

Wéi d'Autoritéiten annoncéiert hunn, gëtt mat Héichdrock nom Täter gesicht, och Helikoptere mat Wäermbildkameraen kommen dobäi zum Asaz. Ee Verdächtege soll dann och identifizéiert gi sinn.

Wéi d'Police matdeelt soll den 21 Joer alen Abdul B. bekannt sinn als Deel vum islamistesche Milieu zu Berlin. Nach am Mee soll hien aus dem Jugendarrest entlooss gi sinn.

Onkloer ass awer, ob hien tatsächlech de Chauffer war oder ob et nach weider Täter ginn. Der Bild no géing aktuell eng Sich no zwee Täter un allen däitsche Baussegrenze lafen.

Zu engem méigleche Motiv ginn et nach keng genee Informatiounen.

D'Autoritéite warnen, datt den Abdul B. "méiglecherweis arméiert" wier. An der Sich gëtt trotzdeem ëm Ënnerstëtzung gebueden: De Mann huet eng schlank Figur, ass ongeféier 1,90 Meter grouss an huet schwaarz Hoer.

D'Berliner Police huet an deem Kontext och eng Foto vum presuméierten Täter erausginn.

D'Berliner Police sicht nom 21 Joer alen Abdul B., dee verdächtegt gëtt, fir d'Autosattack op den CSD responsabel ze sinn.
© HANDOUT/AFP

Eng "abscheilech Dot"

D'Organisateuren hunn den CSD ofgebrach an iwwer Sozial Medien opgefuerdert, d'Géigend ze verloossen. D'Police huet d'Leit gewarnt, de Beräich ze meiden an groussraimeg ze ëmfueren.

De Bundeskanzler Friedrich Merz huet vun enger "abscheilecher Dot" geschwat. De Berliner Buergermeeschter Kai Wegner huet den Ugrëff als Attack op eng fräi a weltoppe Gesellschaft verurteelt.

Op X huet hie geschriwwen: "Nodeems den CSD friddlech an tolerant gefeiert gouf, ass dës Versammlung op brutaalst Aart ugegraff ginn. Meng Gedanke si bei den Affer, hire Familljen a Frënn."

D'Bundesregierung huet matgedeelt, de Kanzler Merz stéing a stännegem Kontakt mam Bundesinneminister Alexander Dobrindt a géif permanent vun de Sécherheetsautoritéiten informéiert ginn. Si hätten den Ekippen op der Plaz Merci gesot a géife sech mat aller Kraaft fir eng séier Opklärung asetzen.

Déi traditionell CSD-Parad zu Berlin gouf dës Kéier ënner dem Motto "Haltung ist hot" ofgehalen, mat Honnerten Dausende Participanten. De Schluss vum Evenement war eng Show beim Brandenburger Tor.

Back to Top
CIM LOGO