Insel ass "um Limitt" Zéngdausende Leit protestéiere géint de Massentourismus op Mallorca

RTL Lëtzebuerg
Den Organisateure vun der Demo no, hätt Mallorca iwwert déi lescht Joerzéngten e Wirtschaftsmodell op d'Been gestallt, dee komplett ausser Kontroll gerode wier.
© JAIME REINA/AFP

Ënnert dem Slogan "Mallorca um Limitt" hunn de Weekend dausende Mënsche géint den extrem héijen Tourismus a seng Auswierkungen op der beléifter spuenescher Insel protestéiert, dat matten an der momentaner Haaptsaison. Ënnert anerem gëtt gefuerdert, dass d'Zuel vun de Leit, déi d'Insel besichen, misst limitéiert ginn. Besonnesch prekär wier d'Situatioun um Wunnengsmaart.

Zu dësen Demonstratiounen huet d'Plattform "Manner Tourismus, méi Liewen" opgeruff. Den Tourismus hätt d'Grenze vun der Insel scho längst iwwerschratt, esou d'Participante vun der Demo. "Mir Heemescher mussen dach och op eiser Insel liewe kënnen. Verkéier, Klimawandel, Ofgasen, verschwent Ressourcen - méi wéi genuch Grënn, op d'Strooss ze goen an ze soen:'Elo ass Schluss."

Op verschiddene Pannoen op der Demo, déi Leit an d'Luucht gehalen hunn, ware Sätz wéi "Touriste gitt heem", "Mallorca overbooked", "Keng Kapazitéite méi" oder "Den Tourismus-Tsunami läscht eis aus" ze liesen.

Den Organisateure vun der Demo no hätt Mallorca iwwert déi lescht Joerzéngten e Wirtschaftsmodell op d'Been gestallt, dee komplett ausser Kontroll geroden ass. Et gëtt dohier kloer gefuerdert, dass den Tourismus generell reduzéiert an d'Zuel u Visiteure misst begrenzt ginn. Et gëtt ënnerstrach, dass et misst méiglech sinn, en anere Tourismus-Modell op d'Been ze stellen, bei deem d'Qualitéit méi wichteg wier, wéi d'Mass u Leit.

Wärend de Protester ass et dann och zu Ausschreidunge mat der Police komm.

Wunnengskris, déi un d'Substanz geet

Op der Insel Mallorca ass virun allem d'Situatioun um Wunnengsmaart extrem ugespaant. Vill Beschäftegter am Tourismus, Handel oder am Gesondheetswiese kënne sech op der Insel dacks nëmmen nach en Zëmmer an enger WG leeschten. Vill Leit mussen op aner Optiounen zeréckgräifen, wéi beispillsweis op Roulotten oder op Wunnengen an extrem schlechte Quartieren. Iwwer 100.000 Wunnengen op der Insel géife reng touristesch genotzt ginn, dat souwuel legal, wéi och illegal.

E Verbuet vun Touriste-Wunnengen an Wunnhaiser oder eng geplangte Begrenzung fir Autoen säitens der Regierung, géif villen Awunner einfach net duergoen. Duerch d'Iwwerfëllung vu verschiddene Regioune wier et Residenten deels mol net méi méiglech, einfach un de Strand ze goen. Just am Wanter wier dëst dacks nëmmen nach méiglech.

2025 sinn iwwer 13 Milliounen Touristen op déi dann dach relativ kleng Insel gereest. Sou vill wéi nach ni virdrun. Ënnert anerem fir d'Sonnefinsternis den 12. August gëtt sech och nees en enorme Stuerm un Touristen a Visiteuren erwaart.

Back to Top
CIM LOGO