CGDIS mellt dräi BlesséierterKollisioun tëscht zwee Autoen zu Bidscht a Kollisioun tëscht Auto a Moto zu Munneref

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg waren d'Rettungsekippe vum CGDIS op zwee Accidenter mat am Ganzen dräi Blesséierter geruff ginn.
© Chris Meisch

Wéi am CGDIS-Bulletin steet, koum et kuerz no 17 Auer op der N15 bei Bidscht zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert a vun den Ambulanciere vu Wolz an de Pompjeeë vu Géisdref versuergt.

Zu Munneref an der Route de Remich ware géint 17:19 Auer en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Hei gouf et ee Blesséierten. Um Asaz waren d'Ambulanciere vu Réimech an d'Pompjeeë vu Munneref.

Donieft waren d'Pompjeeë vu Clierf a vu Wëntger kuerz virun 18 Auer wéinst engem Vegetatiounsbrand op Boxer an d'Strooss "A Scheimer" geruff ginn. Hei ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO