
E Mëttwochowend ass et an der Géigend vum Scheierbierg zu Bech-Maacher zu engem Accident komm, bei deem en Auto e Vëlosfuerer ze pake krut.
Den éischten Informatiounen no wollt den Autosfuerer aus enger Parkplaz erausfueren an huet dobäi de Vëlosfuerer iwwersinn. Dëse gouf doropshi vum Auto erfaasst an ass gefall. Dobäi huet hie sech eng Partie Schürfwonnen zougezunn. Den Autosfuerer gouf negativ op Alkohol getest, en Drogentest huet allerdéngs e positiivt Resultat ugewisen.
Déi entspriechend Protokoller goufen erstallt an et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, fir de geneeën Oflaf vum Accident ze klären.