Rulljen an der Gemeng WolzFalsche Livreur gëtt e Pak of a klaut Affer dobäi d'Kreditkaart

RTL Lëtzebuerg
Kuerz net opgepasst an et war engem Täter, dee sech als Livreur ausginn huet, gelongen, d'Bankkaart vu sengem Affer mat enger friemer Bankkaart auszetauschen.
© Bild vu romeosessions via Pixabay

E Mëttwoch gouf der Police en Déifstall am Réimerwee zu Rulljen gemellt. Éischten Erkenntnisser no huet en onbekannte Mann e puer Deeg virdrun un der Wunneng vun enger Fra geschellt an huet virginn, e Pak wëllen zouzestellen. Fir dass de Pak konnt iwwerreecht ginn, huet de Mann dunn eng kleng Zomm Geld gefrot, déi misst bezuelt ginn, dat per Bankkaart.

D'Fra huet doropshin d'Kaart un en Apparat gehalen fir ze bezuelen an huet dunn de PIN aginn. Ouni dass d'Affer et gemierkt huet, krut et eng friem Bankkaart zeréck. Méi spéit gouf du mat der geklauter Kaart vum Affer Geld op enger Automat zu Wolz opgehuewen. De Pak deen der Fra iwwerreecht gouf, gouf mam Contenu am Kader vun den Ermëttlunge séchergestallt. Dës Ermëttlunge lafen am Moment nach ëmmer.

D'Police weist an deem Zesummenhang nees op dës Bedruchsmasch hin a rifft op virsiichteg ze sinn, bei presuméierte Livraisounen an ongewéinlechen Opfuerderungen fir ze bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO