Tëscht September 2022 an 2025Bausecteur huet ronn 4.500 Plaze verluer, Staat krut eng 12.200 bäi

Roy Grotz
Zu Lëtzebuerg gi weider nei Aarbechtsplaze geschaaft, wann och net an deem Mooss, wéi een et soss gewinnt war.
© RTL Archivbild

Dee gréisste "Perdant" ass de Bausecteur, wou d'Beschäftegung tëscht 2022 an zejoert ëm 9% zeréckgaangen ass, wat enger Netto-Perte vu bal 4.500 Plazen entsprécht. Och an der Industrie gouf et an där Period e Verloscht vun engen 1.300 Plazen. D'Domäner, wou am Privé nei Plazen entstane sinn, sinn den Horeca, am Transport, mee och bei Banken- an Assurancefirmen.

Am Allgemenge si bannent de leschten dräi Joer netto eng 17.300 nei Plaze geschaaft ginn, sou datt am Hierscht zejoert ronn eng hallef Millioun Salariéen am Land gezielt goufen. 71 Prozent vun den nei kreéierte Plaze (ronn 12.200) goufe beim Staat am konventionéierte Secteur verzeechent, nëmme manner wéi en Drëttel also am Privatsecteur (eng 5.000).

Dës Chiffere liwwert den Aarbechtsminister Spautz a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten-Duo Engel an Di Bartolomeo.

Back to Top
CIM LOGO