Summerinterview - Lexy Schoos Iwwer Vakanz, Social Media an d’ADR

Annick Goerens
An eiser Serie "Summerinterview" schwätze mer mat de Presidentinnen a Presidente vun deene Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn. Et si méi labber Interviewen, wou d'Politik awer natierlech net ausbleift.

Haut ass et den Tour vum Alexandra, genannt Lexy Schoos. Stéchwuert war "Vakanz Doheem", an dofir huet d'Lexy Schoos d'Annick Goerens mat an hir Heemechtsgemeng geholl, op Bäerdref. Si sëtzen um Aussichtspunkt an der Wanterbaach, direkt iwwer de Kloterfielsen. An si ass net eleng komm.

"Dat ass d'Pinda. Dat ass mäi klenge Border Terrier. Den ass natierlech super, wann s de wandere gees. Dee kanns de iwwerall mathuelen, dee verbrennt sech d'Patten och net. An hatt ass gär am Bësch ënnerwee."

Summerinterview mam Lexy Schoos / Reportage Annick Goerens

Vakanz huet si scho gemaach. E puer Deeg un der Mecklenburgische Seenplatte. Elo geet et nach eemol an Holland un d'Mier mam Mupp, duerno op Leipzig bei eng Frëndin an eng Woch Faaschten an Éisträich. Vakanz heescht och mol Zäit fir z'entspanen. An dacks gëtt och mol gelies.

"Also e Buch, wat ech effektiv ganz gelies hat, war d'lescht Joer, beim Faaschten wéi ech do scho war. Dat war Mëtt August an dat war e Mental Health Guide e bëssen. Dat war dat lescht Buch, wat ech vu vir bis hannen duerchgelies hunn. A säitdeem hunn ech schonn zwar Bicher ugepaakt, mee net vun hanne bis vir duerchgelies. Dat heescht, ech kucke lo mol, wat ech an der Faaschte-Vakanz wäert liesen. Mee, vu dass ech vill am Auto ënnerwee sinn, lauschteren ech éischter esou Podcasten oder och Hörbicher. Elo dat lescht Hörbuch, wat ech gelauschtert hätt, war "Akte Schneeweiß ". A lo sinn ech grad ëmgaangen, erëm e bëssen an eng aner Richtung, "Gesetz der Anziehungskraft" ze héieren."

© Eric Epstein / RTL

Bränn an Europa & Social-Media-Verbuet

Aktuell brennt et iwwerall uechter Europa. Et ass eng Situatioun déi engem Suerge mécht, fënnt d'ADR-Presidentin. Wéi soll a ka Lëtzebuerg sech dorop preparéieren?

"Et ass schwéier. Ech mengen, et ass éischter e globale Problem. Mee jo, wa mer soen, am Kader vum Läschen virzebereeden, dass mer eeben Läschfligeren oder Läschhelikopteren oder wéi och ëmmer hunn. CGDIS, Pompjeeën: üben nach an nach, fir dass mer séier sinn. A vläicht och erëm d'Volontariat e bësse méi ze promouvéieren, well et si jo net nëmmen d'Beruffspompjeeën aus der Stad, mee et ass hei schonn de klenge fräiwëllege Pompjee, deen hei muss kommen an deen dat da mécht a vläicht och e bësse promouvéieren, dass erëm méi Leit och bei d'Pompjeeë wëlle kommen."

E grousse Sujet dëst Joer war och de Verbuet vu Soziale Medie fir Jonker. Wat hält d'ADR dovun?

"Ech perséinlech an d'ADR, mir sinn och éischter dogéint, fir e Social-Media-Verbuet. Net well mer déi Jonk net wëlle schützen. Mee einfach, well mir soen, mir kënnen net alles reguléieren oder alles verbidden. Ech mengen, d'Leit dobaussen, och déi Jonk, musse kritesch kënnen domat ëmgoen. An ech mengen, wa mir eppes verbidden, da léiere se et nach méi spéit, fir kritesch dermat ëmzegoen. An ech mengen, dat muss an der Schoul, dat muss doheem ënnerriicht ginn."

Wéi eng perséinlech Erausfuerderung fir d’Zukunft?

Fir de Schluss hu mer der Deputéiert och nach d'Fro gestallt, wat si an hirem Liewen nach am léifste géing léieren.

"Dat wier warscheinlech eng Sprooch. Ech sinn eent, wat immens gär schwätzt a kommunizéiert. An, bon, et seet een ëmmer mam Engleschen, kënnt een iwwerall virun. Ech war awer och schonn a Länner - a Spuenien zum Beispill, also Katalounien, déi Géigend - wou ech ganz erstaunt war, dass Jonker net esou gutt am Englesche sinn. Wou ech soen, een, jee nodeems wou s de hi wëlls reesen oder esou, dass de d'Sprooch dann direkt léiers. Oder wann s de auswandere wëlls, Schweedesch hat ech mol ugefaangen. An ech mengen, eng Sprooch, déi wierklech so eng Erausfuerderung wier, vläicht och gutt fir de Kapp, Chineesesch, also Mandarin oder esou. An déi huet och nach hir verschidden Dialekter. An do ass jo nach d'Schrëft anescht. Dat kënnt ee vläicht maachen."

Wann et d'ADR iwwregens net géing ginn, da géing d'Lexy Schoos eng Partei grënnen, zum Beispill mam Gast Gibéryen.

Wat d'Politikerin seet zum gedeckelten Index oder iwwer de Logement seet, dofir musst der de ganze Video kucken.

© Eric Epstein / RTL

Eis aner Summerinterviewe fannt Dir hei:

Back to Top
CIM LOGO