D’Réckstänn vum Damp aus dem Héije Venn waren e Méindeg de Mëtteg däitlech am Land ze moossen. Eng "miserabel" Loftqualitéit huet d’App "meng Loft" vun der Ëmweltverwaltung uginn. Op LU-Alerte iwwerdeems stoungen d’Zeechen op Gréng. Keng Gefor, kee Gesondheetsrisiko. Wéi passt dat beieneen?
Hie wär weder den Expert vun der Santé, nach den Expert vum Environnement, seet de Guy Bley. "Wat fir eis wichteg war an ech mengen, dat ass och dat, wat, wat kommunikéiert ginn ass. Mir hu ganz fréi kommunikéiert. Mir hu vun engem Moment schonn ugefaang ze kommunikéieren, wou am Fong all déi Wäerter nach ganz normal waren a wou guer keng Risike bestanen hunn an och bis haut ass kee grousse Risiko fir d'Bevëlkerung do.”
“Déi Wäerter” bezéie sech op d’Loftqualitéit an d’Seuilen, déi se erreeche mussen, fir datt muss kommunikéiert ginn. Et ginn awer och nach aner Krittäre consideréiert. Wéi d’Sollicitatioun vum 112, ob vill Ambulanzen an Doktere geruff ginn. Och dat wär sonndes net de Fall gewiescht, betount den Haut-Commissaire à la Protection Nationale. “Et war nach iwwerhaapt keng Situatioun do, wou iergendeng speziell Problematik opgeworf ginn ass, an awer hu mer gesot, komm mir setzen eis preventiv zesummen, komme mir kucken, datt d'Doktere vun der Santé zesummekomme mat den Experte vum Environnement a mir evaluéieren zesummen, wat heescht déi Situatioun a wat kann an den nächste Stonne kommen.”
Op Basis vun deenen Informatiounen hätt een zesummen decidéiert, fir preventiv Recommandatiounen erauszeginn. Fakt ass: wéi e Sonndeg géint 15 Auer déi éischt LU-Alerte-SMS iwwerhaapt mol iwwer méiglech Geréch informéiert huet, haten eng Rei Awunner den Damp scho längst an der Nues a verschidde Gemenge selwer scho Recommandatiounen erausginn.
Beim Inneministère begréisst een dat. Et géif een d’Gemenge sensibiliséieren, fir sech lokal Resilienzpläng ze ginn, erkläert den Alain Becker. Hien ass Generaldirekter vun der ziviller Sécherheet am Inneministère. Grondsätzlech géif ee probéieren, am Virfeld ze informéieren, ouni Panik ze maachen. Dozou géif och gehéieren, datt – besonnesch bei Incidenten ausserhalb vum Territoire vu Lëtzebuerg – ze kucken, wat d’Nopeschlänner maachen, wéi si informéieren.
“Do ass och e Monitoring gemaach gi vum 112, vun deem, wat Kolleegen a Rheinland-Pfalz gemaach hunn an Nordrhein-Westfalen, wéi och am Saarland. Wou d'Informatiounen och net ëmmer an deem Sënn d'selwecht waren och deelweis divergent a wou dann och gekuckt gouf, wat géife mer vermëttelen?”
D'LU-Alerte iwwer de Geroch gouf iwwregens vum CGDIS geschéckt. Hei hätt ee sech un de Fransousen orientéiert.
Déi zweet LU-Alerte- SMS, datt ee wéinst dem Damp d’Fënstere sollt zoumaachen - mam Verweis, fir Detailer op den Internetsite ze goen - koum Owes um 19.30 Auer. Zu dem Zäitpunkt war den Damp schonn iwwer dem Land verbreet. Hätt een do net éischter kënne kommunikéieren?
Déi ganz Situatioun am Venn, och vum Wand, wär vu samschdes u mat Meteolux an dem CGDIS gekuckt ginn, äntwert de Guy Bley. “An all Duerf war awer d'Situatioun bëssen anescht, esou datt een awer och muss eng Kommunikatioun maachen, déi am ganze Land richteg ass, an dat war ganz sécherlech och en Challenge hei.”
Eng lokal Kommunikatioun iwwer de Cell Broadcast wär an dëser Situatioun net ubruecht gewiescht, ënnersträicht den Haut Commissaire. “De Cell Broadcast, deen ass wierklech do an enger Situatioun, wou een direkt eng wierklech ganz urgent Reaktioun vun der Bevëlkerung erwaart an enger ganz spezifescher Plaz. Ech mengen, Dir verstitt, wann Damp iwwert d'ganz Land zitt, dann ass et onméiglech ze wëssen, op wéi enge Plaze genau den Damp zu deem Moment ass.”
D’Situatioun géif weider iwwerwaacht ginn. Spéider da soll evaluéiert ginn, wat een an Zukunft kéint besser maachen.