An engem System, an deem sech vill wandelt, ass et normal, dass et Problemer gëtt. Et ass awer net alles schlecht.
Dat sot e Freideg de Moien d'Directrice vum ambulante Berodungsservice SCAP (Service de consultation et d'aide psychomotrice) Cathy Mangen als eis Invitée vun der Redaktioun am Kontext vun den aktuellen Diskussiounen iwwert d'Problemer vun der Inklusioun an der Schoul. Et wieren duerchaus vill Efforte gemaach ginn, fir sou vill wéi méiglech Kanner an der Reegelschoul ze halen. Dat géif vill Ëmstellunge bedeiten an och Zäit brauchen. Mä et géif natierlech och eng Rei Problemer ginn, déi ee misst ugoen. An zwar sou séier wéi méiglech. Anerefalls géif de Leidensdrock bei de concernéierte Familljen, an awer och den Enseignanten, erop goen. Dat wier en elo, ënnert anerem wéinst de laange Waardezäiten.
Bis haut misst een d'Konzept vun der Inklusioun nach ëmmer bei enger Partie Enseignante verdeedegen, sot d'Directrice vum SCAP bei eis am Studio. Inklusioun wier eben nach ëmmer net an alle Käpp ukomm. D'Campagne "Stop Inklusioun", déi d'Enseignantsgewerkschaft SNE lancéiert huet, ass an den Ae vun eiser Invitée en Zeechen duerfir, datt déi "grondleeënd Haltung, wéi mer als Gesellschaft wëlle funktionéieren" nach net definitiv gekläert ass.
D'Directrice vum SCAP begréisst, datt den Educatiounsministère d'Ressourcen am Beräich vun der Inklusioun opgestockt huet an och weider rekrutéiere wëll. Haut géife sech 2.000 Mataarbechter ëm Kanner mat spezifesche Besoine këmmeren. Mä déi Leit wieren net ëmmer um Terrain, wou se gebraucht ginn. Et wier besser, fënnt d'Cathy Mangen, wann d'Spezialisten direkt op der Plaz sinn, fir den Enseignanten am Alldag ze hëllefen. Dës Doleance gëtt jo och ëmmer vun den Enseignantsgewerkschafte formuléiert.
Wichteg wier och, manner administrativen Opwand a méi Hëllef direkt do, wou et néideg ass. Wa méi präventiv geschafft géif ginn, kéint een och evitéieren, datt sou vill Ressourcen an ee Fall gestach musse ginn, well dat Kand komplett an der Kris ass.
Strukturell Verbesserungsméiglechkeete gesäit d'SCAP-Directrice bei den Allongementer, wou beluecht wier, datt se näischt bréngen an awer nach ëmmer bäibehale géifen. Hausaufgabe wieren e Problem, well se d'Ongläichheete vun de Schüler verstäerken. An et bräicht och onbedéngt méi Donnéeën iwwert d'Kanner mat spezifesche Besoinen - wéi vill gëtt et der iwwerhaapt? - an e Schouldirekter am Fondamental. De President vum Schoulcomité hätt haut einfach net déi Moyenen, fir d'Familljen an d'Kanner an hire jeeweilegen Demarchen z'ënnerstëtzen.
Zu Lëtzebuerg géif et vill verschidde Strukturen a Servicer fir Kanner mat spezifesche Besoinen. Sou vill, datt et quasi onméiglech ass, den Iwwerbléck ze hunn an ze wëssen, mat wéi engem Service engem Kand da lo am beschte gehollef wier. Bei de SCAP géifen och vill Famillje kommen, déi u sech net richteg dohinner orientéiert goufen. (De SCAP huet sech op d'Prise en charge fir Kanner a jonker mat ADHS spezialiséiert). Sou géife vill Ressourcen, vill Zäit drop goen, fir d'Kanner an hir Eltere bei dee Richtegen ze guidéieren. Dat géif fir vill Frust suergen. Do misst definitiv besser zesummegeschafft ginn, och tëscht der Educatioun an der Santé. D'Zesummenaarbecht wier definitiv nach "ausbaufäeg".
Eis Invitée géif sech eng zentral Ulafplaz bei der Santé wënschen, vun där aus een den Dispatching kéint maachen. Kanner mat neurologeschen Entwécklungsstéierunge bräichten dacks en Dokter, eng Therapie. An dat wier net den Optrag vun der Schoul. An der Santé géif et awer dacks u Ressourcen, Know-How a Vernetzung feelen. A well et net genuch Spezialiste gëtt, sinn d'Waardezäiten dann och deementspriechend laang. D'Cathy Mangen begréisst, datt haut méi Kanner diagnostizéiert ginn. Et hätt een awer duerno net déi néideg Equippen, fir se adequat en charge ze huelen.
D'Méiglechkeet, déi de Claude Meisch am Kader vu sengem neie Programm fir Inklusioun virgestallt huet, fir Kanner, déi eng Gefor fir sech an anerer sinn, bis zu dräi Deeg aus der Schoul ze huelen, misst, eiser Invitée no, ganz virsiichteg a just an Ausnamefäll genotzt ginn. Anerefalls kéinten déi Kanner et eventuell souguer nach als Belounung fir hiert Verhale gesinn, wat sécher kontraproduktiv wier.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.