
En Donneschdeg de Moie gouf der Police en Abroch um Site vum Recyclingszenter zu Rouspert-Mompech gemellt. Éischten Informatiounen no sinn onbekannt Täter an e puer Baucontaineren agebrach an hunn d'Schlass vun engem Diesel-Tank opgebrach.
Déi presuméiert Täter hunn am ganze 518 Liter Diesel aus engem Diesel-Tank matgoe gelooss. D'Ermëttlungen an dësem Fall goufen ageleet.