
Den Inneminister mat engem kugelséchere Gilet op der Stater Gare huet fir vill Reaktioune gesuergt. Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana wollt an enger parlamentarescher Fro och Detailer gewuer ginn.
De Léon Gloden huet elo an “Ech-Form” geäntwert. Hie wär de 14. Juli owes no 22 Auer ënner reelle Conditioune bei enger Policepatrull am Stater Garer Quartier derbäi gewiescht. Am Fall, wou d’Patrull op en Asaz geruff gi wär, wär de Minister matgaangen. Dowéinst hätt hien op Urode vun der Police a vu sengem Sécherheetsbeamten eng Schutzwest ugedoen. Sou e kugelséchere Gilet géif fir jidderee preventiv recommandéiert ginn, dee bei enger Police-Patrull derbäi ass.
Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana hat och gefrot, firwat dann d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, déi och matgaangen ass, keng sou West unhat.
De Léon Gloden geet net spezifesch dorobber an, mä präziséiert, datt all Persoun, déi d’Police begleet am Fall vun engem onerwaarten oder potentiell geféierlechen Asaz de selwechte Risiken ausgesat ass wéi d’Beamten.
Et wär jidderengem selwer iwwerlooss ze decidéieren, ob en e Schutzgilet undeet oder net. Hien als zoustännege Policeminister hätt sech awer selbstverständlech un d'Uweisunge vun der Police gehalen.