Eng Persoun blesséiertCGDIS mellt ee Feier an een Accident e Mëttwoch de Mëtteg

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt e Mëttwoch de Mëtteg e Feier an een Accident mat insgesamt engem Blesséierten.
© Laurent Weber

Um 16:18 Auer huet en Auto op der A3 a Richtung Stad Lëtzebuerg gebrannt, dat op der Héicht vun Diddeleng. Am Asaz waren d'Ekippe vu Beetebuerg, Keel, Esch an Diddeleng, blesséiert gouf keen.

Da gouf et nach en Autosaccident um CR105 tëscht dem Mariendall a Recken, hei ass eng Persoun zu Schued komm. Op der Plaz waren d'Secouriste vu Béiwen-Atert a vun Tënten.

Back to Top
CIM LOGO