
Den Nationale Statistiksbüro rechent lo nach mat 1,8 Prozent fir dëst Joer, amplaz vun 2,5 Prozent. Fir d'nächst Joer gëtt eng Präisdeierecht vun 2,1 Prozent virausgesot. Den Hannergrond ass de Fait, datt et beim Konflikt am Noen Osten eng gewëss Deseskalatioun gouf. Derbäi kënnt den Effet vum Resilienzpak, deen d'Inflatioun ausbremst.
Déi nächst Indextranche géing dem zentralen Zenario no am drëtten Trimester 2027 erfalen. De Statec verweist drop, datt déi geopolitesch Onsécherheete ganz grouss bleiwen.