Police warnt virun ArnaqueOnéierlecher gi sech als Polizisten aus a froen no Wäertgéigestänn

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin warnt d'Police nees viru Bedruchsfäll, déi ëmmer nees virkommen, bei deene sech Onéierlecher hiren Affer géigeniwwer als Polizisten ausginn.
© Laurent Weber

Dobäi géife si versichen, hir Affer dovunner z'iwwerzeegen, hinnen hir Wäertgéigestänn auszehännegen. Als ee sou ee Beispill gëtt de 4. Mee genannt, wou géint 16:30 Auer e franséischsproochege Mann sech op dës Manéier bei enger Wunnadress an der Schierener Montée de Nommern presentéiert huet.

D'Police weist an deem Kontext drop hin, datt dëst net hirer Virgoensweis entsprécht, sech all Lëtzebuerger Policebeamten ausweise kann an och lëtzebuergesch schwätzt. Och ass et den Appell, besonnesch eeler Leit op dës Arnaque opmierksam ze maachen an opzeklären.

Weider Informatiounen zu dëser Bedruchsmasch fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO