D'Fronten tëscht der Dokteschassociatioun AMMD an der CNS an der Regierung si verhäert. '’Konventioun gouf gekënnegt an eng nei wëllen d'Dokteren net ënnerschreiwen.
Iwwer d'Problemer am Gesondheetswiese schwätze mer e Mëttwoch de Moie mam Christophe Knebeler vum LCGB. Hien ass Member vum Direktiounscomité a setzt sech fir den Assuré, ënnert anerem op de Quadripartitten, an.
Wéi gesäit de Gewerkschaftler de Kaméidi? Wéi eng Reforme wären néideg? A wéi kritt een d'Lach an der Gesondheetskeess gefëllt? Oder ass den aktuelle System net méi ze finanzéieren?
De Christophe Knebeler vum LCGB ass e Mëttwoch um 8 uer eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.