PISA-Etüd 2025Score vu Schüler besonnesch am Liesen erofgaangen - Smartphone-Restriktioune solle verstäerkt ginn

François Aulner
De Smartphone wäert an de Lëtzebuerger Lycéeë méi staark limitéiert ginn. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch ugekënnegt, nodeems d'Resultater vun der PISA-Etüd vun 2025 bekannt goufen. Déi weisen nämlech, datt den Niveau vun de Schüler vu 15 Joer an de Naturwëssenschaften, an der Mathé, mee besonnesch am Liese weider erofgaangen ass.
© pexels.com / Pixabay

D'Resultater sinn zanter 2012 zeréckgaangen an dat och international. Am beschten ofgeliwwert, hu Schüler a China, Singapur, Japan oder méi no hei an Estland, der Schwäiz oder nach England. Ganz ënnen am Klassement sinn de Ruanda, Kurdistan am Irak a Kenia. Lëtzebuerg ass do, wou et ëmmer war: liicht ënnert der OECD Moyenne.

Et géing vill Facteure ginn, fir dës negativ Entwécklung z'erklären, mee en ëmmer méi groussen - oder laange - Konsum vu soziale Medie géing op der Hand leien. Déi Jonk "verbrénge méi Zäit dorobber, se liese méi schnell, se liese méi iwwerflächlech. Mir gesinn zum Beispill bei Pisa, dass sech de Wäert vu Feeler, esou Flüchtegkeetsfeeler am Liese verduebelt huet", esou de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques) vum Educatiounsministère.

D'Lëtzebuerger Lycéeën hunn aktuell de Choix tëscht 3 Modeller: de Smartphone wärend de Kueren ze verbidden oder doriwwer eraus oder wärend dem ganze Schouldag. De Minister, de Claude Meisch, huet Diskussioune mat de Schoulpartner ugekënnegt, fir de komplette Verbuet vum Smartphone an den ënneschte Klassen (7ème, 6ème a 5ème), ze generaliséieren. Hien huet awer och den Appell gemaach, baussent der Schoul och de Smartphone manner ze benotzen.

De Luc Weis seet dann och, datt Kanner, déi doheem vun den Eltere virgelies kréien, vill besser Resultater hätten. Och an der Schoul awer misst et dem Direkter vum SCRIPT no eng Strategie ginn, fir datt méi laang Texter gelies ginn, "mat Loscht a mat Rigueur". Dofir soll och en Aktiounsplang ausgeschafft ginn, fir d'Liese queesch duerch d'Gesellschaft ze fërderen.

Ecart mat deene mat Migratiounshannergrond hëlt of

Aus der PISA-Etüd 2025 liest een dann ënnert anerem eraus, datt ee bei der kënschtlecher Intelligenz scho géing gesinn, datt d'Schüler, déi se als "Tuteur" notzen - an anere Wierder: mat der KI schwätzen - dovunner profitéiere géingen. Déi aner, déi "metakognitiv Fäegkeeten" auslagere géingen, déi géingen u Kompetenze verléieren.

Obwuel de globalen Trend negativ ass, géing et e puer positiv Resultater ginn. Engersäits wier Lëtzebuerg am Beräich vum Léieren an der digitaler Welt iwwert der OECD-Moyenne.

Eng aner positiv Entwécklung wier, datt den Ecart tëscht Schüler, deenen hir Elteren zu Lëtzebuerg gebuer sinn a Schüler mat Migratiounshannergrond par Rapport zur leschter Editioun 2018 méi kleng gi wier.

Fir den Direkter vum SCRIPT wier dat der Politik vum Educatiounsminister Claude Meisch ze verdanken: "Et ass wuel déi Zäit, wou mer europäesch Klassen agefouert hunn, et ass déi Zäit, wou mer nei Offeren agefouert hunn, och frankophon Offeren agefouert hunn, a mir gesinn insgesamt, dass dat duerchaus ka seng Friichten droen oder duerchaus seng Friichten dréit." Op d'Remark ugeschwat, datt d'Resultat ënnert dem Stréch erofgaangen ass, seet de Luc Weis "Jo", mee hie betount, "am internationalen Trend". De Claude Meisch huet ervirgestrach, datt Schüler de Choix haten, d'Sprooch fir d'PISA Tester auszesichen a fir dës Editioun däitlech méi Franséisch ausgesicht hunn.

Loscht um Léiere ginn

Länner mat Schüler, déi gutt Performancen hunn, géingen "de Schüler d'Loscht um Léiere vermëttelen". Schüler hätte méi Verantwortung am Léierprozess, wat net méi Prüfunge géing bedeiten.

D'PISA-Etüd ënnersicht an test net just d'Schüler, mee och d'Ëmfeld, d'Enseignanten oder d'Elteren. Et fält op, datt méi Schüler zu Lëtzebuerg uginn, datt hiren Enseignant se net ënnerstëtze géing ewéi an der OECD. De Luc Weis mengt awer net, datt et eng Korrelatioun gëtt mat engem Bewäertungssystem, deen et zu Lëtzebuerg fir Enseignanten net gëtt.

D'PISA-Ëmfro weist op en Neits, datt sozioekonomesch Facteuren e groussen Impakt op d'Kompetenze vun de Schüler hunn. Esou sinn d'Resultater am Classique besser ewéi am Général – fréier Technique. Se sinn och gutt an den internationalen an europäesche Schoulen an nach e bësse besser an de privaten internationale Schoulen.

D'Resultater vun der PISA-Etüd 2025 ginn de 15. September an der Chamber-Educatiounskommissioun diskutéiert. Déi nächst PISA-Etüd gëtt 2029 gemaach. Well d'OECD acceptéiert huet, den Zyklus vun 3 op 4 Joer ze verlängeren, wëll Lëtzebuerg am Géigesaz zur viregter Kéier, nees allkéiers matmaachen.

D'Lëtzebuerger PISA-2025-Resultater fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO