Sträit zu Munneref eskaléiertMann blesséiert zwou Persoune mat Cutter a gëtt a Frankräich gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg koum et an der Avenue Frantz Clement zu Munneref zu enger gewalttäteger Ausenanersetzung tëschent enger Rei Persounen.
Mat engem Cutter sinn zwou Persounen e Méindeg zu Munneref blesséiert ginn.
© RTL-Archiv

Dat géit 16:50 Auer. Wéi aus dem Bulletin vun der Police ervirgeet, wier et als éischt zu engem Sträit am Stroosseverkéier komm, dee spéider virun engem Café weidergaange wier. Dobäi hätte sech déi Involvéiert géigesäiteg geschloen, wouropshin ee vun hinnen e Cutter gezunn an zwee aner Bedeelegt mat dësem blesséiert huet. De Verdächtegen ass doropshin ze Fouss iwwer d'Grenz a Frankräich geflücht, konnt kuerz duerno awer vun der Police gepëtzt ginn.

Déi zwee Blesséiert koumen an e Spidol, Liewensgefor besteet der Police no keng. De Cutter, souwéi weidert Beweismaterial goufe séchergestallt an et gouf Protokoll erstallt.

Dee selwechten Owend gouf der Police e weidere gewalttätege Virfall op der Paräisser Plaz an der Stad gemellt, wou e Mann enger Fra an d'Gesiicht geschloen huet. Si ass op de Buedem gefall an huet sech dobäi am Gesiicht an un den Äerm blesséiert. De flüchtegen Täter konnt vu Policebeamte gestoppt an an Arrest bruecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO