Invité vun der Redaktioun (24. Juni) - Claudine Konsbruck"Jugendschutz ass e Beispill, wéi et net soll lafen"

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war de Jugendschutz Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Ombudsman Claudine Konsbruck
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Strukturell Reformen am Prisong brauche vill ze laang. Dat sot d’Ombudsman Claudine Konsbruck e Mëttowch de Moien am RTL-Interview. Hire Service ass zoustänneg fir Reklamatiounen, wann ee Problemer mat enger Verwaltung vum Staat, de Gemengen oder enger ëffentlecher Ariichtung huet, déi vum Staat ofhänkt. De Service ass och responsabel fir déi extern Kontroll vun de Plaze vu Fräiheetsentzuch, wou zum Beispill de Kontroll vu Prisongen drënner fält. Do gouf d'lescht Woch de Joresrapport virgestallt. “Et geet net séier genuch virun”, seet d’Claudine Konsbruck. Problemer bleiwen ongeléist.

Fraen am Prisong nach ëmmer benodeelegt

D’Fraen zum Beispill hu méi schlecht Haftkonditiounen. Si sinn all an engem Block zu Schraasseg ënnerbruecht, egal ob verurteelt, an Untersuchungshaft oder e Mineur. D’Frae maachen nëmme knapp 10% vun der Prisongspopulatioun aus. Si wären diskret an hätte keng richteg Stëmm. No der Kritik vun hirem Service wäre schonn e puer Saache verbessert ginn, mä et misst nach méi geschéien. D’Ministere Backes a Margue wären och selwer an de Prisong gaangen an hätte sech op der Plaz e Bild vun der Situatioun gemaach, wat d’Ombudsman awer begréisst. De Block vun de Frae soll och prioritär renovéiert ginn. Klischeehaft géifen nach ëmmer Aktivitéiten à la Bitzen a Strecken ugebuede ginn. Dat wär "lächerlech" an ännert sech hoffentlech, sou d’Claudine Konsbruck.

Zejoert 28 Jugendlecher am Prisong zu Schraasseg

De Jugendschutz, d'Situatioun vun de Mannerjäregen, déi d'Fräiheet entzu kréien, ass ëmmer, mä zanter enger Zäit besonnesch e grousse Sujet. Zejoert hunn 28 Mannerjäreger missen an den Erwuesseneprisong op Schraasseg. D'Struktur fir Jugendlecher zu Dräibuer, d’"UNISEC”, ass mat 12 Plaze vill ze kleng a komplett iwwerlaascht. Jugendschutz wär wierklech e Beispill, wéi et net soll lafen, huet d’Ombudsman bedauert. Si hätt als Beamtin am Justizministère scho virun 20 Joer mam Projeten ze di gehat an et wär nach ëmmer näischt gestëmmt. E Jugendprisong soll kommen, dat begréisst d’Ombudsman. En Direkter ass scho genannt ginn. Mä et wäert awer nach daueren, bis et dee Centre pénitentière fir Mineure gëtt. 30 Plaze si virgesinn. Et misst een analyséieren, ob dat duer geet a sécher stellen, datt d’Mesurë gutt genuch sinn, fir déi Jonk z'encadréieren. Bei sou Neibauten an neie Projete géifen d’Mille leider vill ze lues dréinen.

Asyl- a Migratiounspolitik: Ombudsman kontrolléiert och elo de "Centre de filtrage"

Am Kontext vum neien europäeschen Asyl- a Migratiounspakt gëtt vum Ombudsman och elo de sougenannte “Centre de filtrage” kontrolléiert. Do ginn nei Demandeurs d‘asile kontrolléiert an orientéiert. Dee Screening-Zenter soll an dat aalt Ademsgebai op d’Stater Gare kommen, mä ass elo mol provisoresch an engem hallwe Stack an der Direktioun vun der Immigratioun op der Areler Strooss ënnerbruecht. Dat géif nach net esou funktionéieren, wéi et virgesinn ass, och just mat limitéierten Auerzäiten, obwuel 24 Stonnen a 7 Deeg op 7 virgesi sinn.

Recht op e Feeler soll bei administrativen Demarchen erlaabt sinn

De Service vum Ombudsman kritt och ëmmer méi Reklamatiounen an d'Problemer gi méi komplex. Den Ombudsman huet awer just limitéiert Moyenen a ka just Recommandatioune maachen, sou d’Claudine Konsbruck. Si fuerdert och d’“Recht op e Feeler” bei enger administrativer Demarche. Et kräizt een eppes falsch un a kritt dann zum Beispill kee Chômage- oder Loyersgeld. Frankräich huet zum Beispill d’Recht op e falscht Kräiz oder en Dokument, dat een am gudde Glawen an eng éischte Kéier vermësst.

Invité vun der Redaktioun: Ombudsman Claudine Konsbruck

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO