Invité vun der Redaktioun (17. Juni) - David Lentz, Procureur d'ÉtatKannermëssbrauch ass keng auslännesch Realitéit, ma och zu Lëtzebuerg

Claude Zeimetz
E Mëttwoch de Moie ware Mëssbrauchsfäll Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Radio - Invité vun der Redaktioun: David Lentz
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Kandsmësshandlung ass och zu Lëtzebuerg eng Realitéit. All Joer kommen Honnerten Dossiere bei der Police a beim Parquet eran. Dat sot e Mëttwoch de Moien de Procureur d’État David Lentz als eisen Invité vun der Redaktioun.

Hien huet am Kontext vun der Affär "Lyhanna" a Frankräich erkläert, wéi d'Justizautoritéiten zu Lëtzebuerg Mëssbrauchsfäll traitéieren. Zum Hannergrond: d'Lyhanna ass dat Meedche vun 11 Joer, dat vun engem Pedokriminellen ëmbruecht gouf, deen zanter 2017 den Autoritéite wéinst Signalementer bekannt war an zejoert souguer vun enger Vergewaltegungsklo viséiert war. Hie gouf awer ni gehéiert. De Fall huet am ganze Land zu Rassemblementer a vill Roserei an Onversteesdemech wéinst de "manifesten Dysfonctionnementer" gefouert, déi de President Emmanuel Macron selwer sou benannt huet.

Vill Leit hunn d'Gefill, datt d'Lyhanna nach kéint liewen, wa fréier méi op d'Affer gelauschtert gi wier an d'Saachen net sou geschleeft hätten. An engem oppene Bréif un de Premier Luc Frieden schreift d'Associatioun "La voix des survivant(e)s", et wier illusoresch ze mengen, datt Lëtzebuerg hei verschount géif bleiwen.

De Procureur d'État aus der Stad wollt de Fall "Lyhanna" e Mëttwoch de Moien awer och net am Detail kommentéieren, well en net all d'Detailer hätt.

Ëmmer méi Fäll, awer och vill Efforte beim Recrutement

Zu Lëtzebuerg hu sech d'Signalementer vu Mëssbrauchsfäll tëscht 2021 (1021) an 2025 (2206) quasi verduebelt. Police a Parquet géifen Honnerten an Honnerten Dossiere kréien. All Joer méi. Hu mer genuch Moyenen, fir all dës Fäll ze traitéieren? D'Politik hätt an de leschte Joren effektiv "ganz vill Efforte" gemaach, huet den David Lentz geäntwert. Um Parquet géife sech haut 15 Magistraten an der Jugendschutz-Sektioun exklusiv deenen Dossieren unhuelen. 2016, wéi hie selwer um Parquet ugefaangen huet, wieren et der grad mol dräi gewiescht. An an den nächste Jore soll de Rekrutement nach verstäerkt ginn.

De Procureur d'État huet e Mëttwoch de Moien erkläert, et wier immens wichteg, datt Mëssbrauch direkt der Police gemellt gëtt, wann et éischt Soupçone gëtt. Et dierft een op kee Fall eng eegen Enquête lancéieren oder Auditioune maachen, déi d'Kand beaflosse kéinten, fir net spéider Aussoe bei de Spezialiste bei der Police judiciaire an e spéidere Prozess ze kompromettéieren. Anescht kéint d'Credibilitéit vum Affer a Fro gestallt ginn.

"Kritik un ze laangen Delaien ass berechtegt"

Den David Lentz deelt d'Kritik vun Associatioune wéi der "La voix des survivant(e)s", datt d'Delaie bei der Justiz ze laang sinn. Dat géif dacks awer un de prozedurale Virschrëfte leien. Souwuel bei der Police, wéi um Parquet. De Procureur begréisst an deem Kontext dann och déi politesch Bestriewungen, fir verschidde Prozeduren ze vereinfachen. Et wier ugeduecht, datt verschidde Recourse sollen ofgeschaaft ginn. Och d'Aféierung vun enger "procédure accélérée" gëtt vum Parquet op alle Fall erwaart. D'Justizministesch Elisabeth Margue huet an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro dës Woch an Aussiicht gestallt, déi acceleréiert Prozedur fir méi einfach Affäre sollt elo am Summer kommen.

Dräi mol méi Affären, wéi Sitzungen

Fakt ass, et géifen dräi mol méi Dossiere wéi Sëtzungszäit, sou den David Lentz. De Reproche, datt sech wéinst de "vacances judiciaires" Delaie verlängeren, léisst de Procureur d'État awer net gëllen. Do géif awer weider geschafft. Wou et géif happeren, wier beim administrative Personal. Dat wier, anescht wéi bei de Magistraten, net opgestockt ginn.

Nullrisiko gëtt et net, sou den David Lentz e Mëttwoch de Moien. Hie kéint awer garantéieren, datt alles gemaach géif ginn, fir sou Situatiounen z'evitéieren. Et wieren an der Vergaangenheet och ganz vill Efforte gemaach ginn, fir déi zoustänneg Departementer opzestocken, d'Leit ze forméieren an och d'Thema "Mëssbrauch" ze enttabuiséieren. Duerfir wier d'Donkelziffer zu Lëtzebuerg och méi niddreg wéi am Ausland. Den David Lentz hofft, datt dat trotz dem Fall "Lyhanna" sou bleiwe wäert. Et dierft een de Kapp net hänke loossen, wann eppes schif leeft. En Affer hätt sech ni ze schummen an et misst "dat Normaalst vun der Welt" sinn, fir en Abus zu Protokoll ze bréngen an deem dann eng Suite ze ginn.

Invité vun der Redaktioun: David Lentz

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO