
De CGDIS confirméiert en net ganz alldeeglechen Asaz en Donneschdeg am Nomëtteg zu Esch. Eng Fra huet do géint 15:00 Auer am Quartier Nonnewisen op der Strooss accouchéiert. Wéi d'Ambulanz bis op der Plaz war, war d'Kand schonn op der Welt. Mamm a Puppelche goufen dunn an d'Spidol bruecht. Soss Detailer hunn d'Rettungsdéngschter net.
Virun dräi Joer gouf et en änlechen Tëschefall op der Fouer. Do hat eng Fra um Samschdegowend matten um Glacis eng sougenannt "Sturzgeburt". Och dee Puppelche war ganz ouni Hëllef op d'Welt komm.