Generalprouf fir NationalfeierdagMilitärfliger A400M en Donneschdeg iwwer d'Stad geflunn

RTL Lëtzebuerg
Am Virfeld vun der Parad op Nationalfeierdag sinn an den nächsten Deeg d'Generalprouwen an der Stad.
De Militärfliger A400M ass en Donneschdeg iwwer d'Stad geflunn
Am Virfeld vun der Parad op Nationalfeierdag sinn an den nächsten Deeg d'Generalprouwen an der Stad.

Am Kader vun der Generalprouf vun der Parad fir Nationalfeierdag an der Stad ass de Militärfliger A400M vun der Lëtzebuerger Arméi en Donneschdeg de Mëtteg an niddereger Héicht iwwer d'Stater Avenue de la Liberté geflunn. Dat huet de Presseservice vun der Regierung an engem Schreiwes matgedeelt.

Iwwerdeems ass et d'Annonce, dass d'Generalprouf vun der Parad um Buedem e Sonndeg den 21. Juni vun 9:00 Auer moies u wäert sinn.

D'Schreiwes vum Presseservice

Back to Top
CIM LOGO