Fir déi 4. Kéier organiséiert d'Stëmm vun der Strooss dowéinst zu Ettelbréck eng Zort Schoul-Braderie. An de Besoin fir esou eng Offer gëtt ëmmer méi grouss.
Am Viraus goufen d'Rucksäck mam Schoulmaterial virbereet, mat ënnerschiddleche Saache fir Lycéesschüler a fir Grondschoulkanner. E Jong weist eis, wat alles a sengem neie Rucksak ass: Hefter, e Geodräieck, Päsch oder nach Textmarkeren. “Alles wat ech brauch fir an d’Schoul”, seet hien. Och säi klenge Brudder krut e Rucksak. Eleng fir d'Rentréesmaterial ze kafen, louch de Budget bei der Stëmm vun der Strooss dëst Joer bei 4.000 Euro, esou de Franco Settanni, Responsabel fir d'Servicer am Norden. Mat 1.000 Euro méi wéi d’lescht Joer hätt hien awer manner kënne kafen. E Kompass zum Beispill hätt net méi an de Budget gepasst.
D'Leit, déi heihinner kommen, kennen d'Stëmm vun der Strooss dacks duerch aner Servicer a kruten esou vun der Braderie scolaire mat. Besonnesch Familljen, déi a Refugiésstrukture wunnen oder elengerzéiend Eltere kéime Schoulsaache sichen, esou de Franco Settanni. Allgemeng géing d'Stëmm vun der Strooss am Norden awer mierken, dass de Besoin ëmmer méi grouss gëtt. Och bei Leit, déi eng Aarbecht hunn, mee d'Enner net beienee kréien. "Ech sinn där Organisatioun wierklech dankbar, well dat heiten eis immens hëlleft.” Dat seet e Papp, dee mat sengen zwee Kanner Schoulsaache siche komm ass. Hie krut just e puer Stonne virdrunner gesot, dass de Maart zu Ettelbréck, net wäit vun der Gare, organiséiert gëtt. “Mir si Réfugiéen an elo wou mer déi heite Saachen net brauchen ze kafen, kënne mer de Kanner zum Beispill Kleeder kafen."
Fir d’Schoulsäck virzebereeden an auszedeelen, schafft d’Stëmm vun der Strooss och mat Partner zesummen. Aus enger Bank si Benevollen op der Plaz, fir ze hëllefen. Nieft de Schoulsaache kann een och Kleeder oder Spillsaache fannen. Et soll fir jiddereen eppes dobäi sinn an et gëtt och gegrillt, fir de Leit och einfach e gesellegen Nomëtteg ze erméiglechen. An nëmmen e puer Stonne sinn op der Braderie scolaire eng 130 Rucksäck verdeelt ginn, ronn 80 u Lycéesschüler a 50 u Grondschoulkanner.