Aus dem PolicebulletinDrogen a Boergeld zu Esch an Diddeleng séchergestallt

RTL Lëtzebuerg
A béide Situatioune waren de Beamte vun der Police verdächteg Persounen opgefall.
© Laurent Weber

Den 10. August huet eng Policepatrull um Kierfecht zu Esch eng Grupp vu Persoune kontrolléiert. Dobäi hunn d'Poliziste gesinn, wéi ee Mann eng Titchen, an där Déidungsmëttel waren, ewechgehäit huet. Beim Mann goufe weider Drogen esou wéi och Boergeld séchergestallt. Op Uerder vum Parquet goufen d'Drogen, d'Boergeld an en Handy saiséiert. E Protokoll gouf erstallt.

An der Nuecht op en Dënschdeg sinn enger Patrull, déi zu Fouss zu Diddeleng ënnerwee war, géint 1:40 Auer zwee Männer opgefall. Am Gefier, wat an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte ofgestallt war, hunn d'Beamten eng Tut mat Déidungsmëttel, Verpackungsmaterial an eng Wo fonnt. Am Kader vun den Ermëttlunge konnt d'Titchen engem vun den zwee Männer zougeuerdent ginn. D'Drogen an déi aner Géigestänn goufen op Uerder vum Parquet saiséiert. Ee vun de Verdächtege gouf wéinst sengem staark alkoholiséierten Zoustand mat an de Passagearrest geholl. D'Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO