Esch an DiddelengPolice erwëscht Leit mat Drogen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend huet eng Policepatrull op engem Kierfecht zu Esch eng Grupp vu Leit kontrolléiert, déi sech e bëssen opfälleg beholl hunn.
Symbolfoto.
© Laurent Weber

Wou d'Beamten d'Leit bemierkt hunn, war ee vun de Männer grad derbäi eng Tut fortzegeheien. Wéi sech erausgestallt huet, waren an der Tut Drogen. D'Beamten hunn doropshi weider kontrolléiert a beim Verdächtege weider Déidungsmëttel a Boergeld fonnt. Op Uerder vum Parquet goufen d'Drogen, d'Boergeld an een Handy saiséiert.

An der Nuecht op en Dënschdeg si Polizisten zu Diddeleng iwwerdeems géint 1:40 Auer nach op zwee Männer opmierksam ginn, déi sech am Beräich vun engem Parking an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte opgehalen hunn. An engem Auto um Parking hu si dunn eng Tut mat Drogen, Verpackungen an eng Wo fonnt. Am Kader vun de weideren Ermëttlungen hu sech Hiweiser erginn, datt d'Titchen engem vun de Männer gehéiert huet. Och hei goufen d'Drogen an aner Géigestänn op Uerder vum Parquet saiséiert. Ee vun de Verdächtege gouf wéinst sengem alkoholiséierten Zoustand an de Passagearrest bruecht. D'Ermëttlungen an deem Fall gi weider.

Back to Top
CIM LOGO