Samu-Noutdokter am AsazEe Blesséierte bei Accident op der A1 Richtung Tréier

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt dräi Asätz wéinst Accidenter e Mëttwoch de Mëtteg. Eng Persoun gouf bei engem Accident op der Autobunn blesséiert.
© Jeannot Ries

Wéi de CGDIS schreift, gouf hinne géint 11:21 Auer en Accident op der A1 Richtung Tréier op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz gemellt. Nieft de Secouristen aus der Stad war och de Samu-Noutdokter am Asaz, fir nom Blesséierten ze kucken.

Zu Wolz koum et da géint 12:14 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Hei waren d'Ambulanciere vu Clierf an d'Pompjeeë vu Wolz op der Plaz. Geschitt ass kengem eppes.

Zu Esch-Uelzecht an der Géigend vun der Porte de France koume kuerz no 13 Auer en Auto an e Moto net laanschteneen. Och hei blouf et beim Materialschued. Am Asaz waren d'Rettungsekippe vum Zenter Suessem-Déifferdeng.

Back to Top
CIM LOGO