
Den Damp a Brandgeroch hu sech verzunn. Och d'Pollutiounswäerter an der Loft sinn entretemps nees däitlech erofgaangen.
D’Loftqualitéit war zäitweis ganz schlecht a Grenzwäerter goufen iwwerschratt. Duerch de Reen an de Wand huet sech d’Situatioun fir Lëtzebuerg entretemps awer däitlech verbessert. Dat confirméieren déi zoustänneg Autoritéiten. Gouf de Loftqualitéitsindex virun zwee Deeg nach als "miserabel" agestuuft, esou schwankt en haut jee no Regioun, respektiv Miessstatioun tëscht "gutt" a "ganz gutt".
Problematesch ware virun allem déi héich Wäerter vum renge Stëbs, dem sougenannten PM10 a PM2,5. Well déi Partikele ganz reng sinn, kënne se méi einfach oder déif an d'Longe geroden, erkläert de Michel Neumann vun der Ëmweltverwaltung.
Doriwwer eraus wiere se och Träger vun anere Pollueuren, ewéi gasfërmeg Pollueuren oder Schwéiermetaller. Wann déi géingen op deene Partikelen drop sëtzen an duerch de Wand fortgedroe ginn, da kréiche se eng méi grouss Reechwäit a kéinten esou an de Kierper kommen a Schued uriichten.
Datt et déi lescht zwee Deeg am Grand-Duché gereent huet, hëlleft awer schonn emol. De Reen géing vill Pollueure souzesoen aus der Atmosphär erauswäschen. Et misst een awer elo mol déi nächst Deeg kucken, wéi sech d’Wäerter weider entwéckelen, och ofhängeg vun den Emissiounen, dem Wand an dem Reen.
Nach sinn déi massiv Bränn am Héije Venn nämlech net ënner Kontroll. Och den Etienne Ehmann vum Pôle protection sanitaire vun der Gesondheetsdirektioun réit deemno zu enger gewësser Virsiicht, och wann aktuell keng akut Gefor géing bestoen. Et wéilt een d’Leit elo net duerchernee maachen, andeems een ze séier Recommandatioune géing zeréckhuelen, déi een da vläicht e puer Stonnen duerno nees misst erausginn.
Eng generell Recommandatioun, fir eng Mask unzedoen gëtt et iwwerdeems net, vulnerabel Leit kënnen dat awer maachen, wa se een “inconfort” spieren, esou den Etienne Ehmann. Dozou gehéiere Persounen iwwer 65 Joer, schwanger Fraen a Leit mat cardio-respiratoresche Problemer. Wa se eng Mask undoen, da soll et eng FFP2-Mask sinn, well soss géinge se déi "Partikelen, géint déi se sech wëlle schützen, net erausgefiltert kréien".
Dacks suergen am Summer jo och héich Ozonwäerter fir Brennen am Hals oder an den Aen. Dëse Summer gouf et bis ewell keng Alerte an och keng Vitesslimitatiounen op den Autobunne wéinst ze héijen Ozonwäerter. Dat trotz den héijen Temperaturen an der Dréchent. D'Wäerter waren zwar wuel héich, präziséiert de Michel Neumann vun der Ëmweltverwaltung, et wier een awer ni iwwert dem Seuil gewiescht. Dat géing ënnert anerem domat ze dinn hunn, datt een haut e wesentlech méi moderne Fuerpark hätt. Eng Alerte geet dann eraus, wann de Wäert iwwer 180 Mikrogramm Ozon pro Kubikmeter klëmmt.