
D'Hëtzt hält net bei de Bürosdieren op, dofir bräicht et elo konkret a permanent Reegelen, fir d'Mataarbechter besser virun Hëtztwellen ze schützen. Dat fuerdert d'Gemengegewerkschaft FGFC en Dënschdeg de Mëtteg an engem Communiqué. Well et an Zukunft ëmmer méi dacks wäert zu Canicule kommen, misst een elo virsuergen an d'Aarbechtswelt méi resilient maachen. Konkret fuerdert d'FGFC dowéinst ënnert anerem zousätzlech Pause bei héijen Temperaturen, Hëtztpläng mat klore Reegelen a Strukturen, oder och nach definéiert Schutzmoossnamen, wa gewëssen Temperaturen an de Banne-Raim gemooss ginn.